Vous êtes ici

Lëtzebuerg ëmfaassend weiderentwéckelen

Actualités Politique communale Santé et soins Aménagement du territoire et logement Mobilité et trafic Sport Fonction publique Économie André Bauler

Groussen Debat iwwer d’Entwécklung vum ländleche Raum en Dënschdeg um Krautmaart. Wärend laanger Zäit hätt virun allem den Zentrum vum Land vun der wirtschaftlecher Entwécklung a vum demografesche Wuesstem profitéiert, esou den DP-Deputéierten André Bauler. Mat de bekannte Konsequenzen: Den deegleche Stau géing vill Leit vill Zäit an Nerven kaschten.

Dezentraliséierung: D’Land als Ganzt kucken

Dowéinst misst an Zukunft méi dezentral geplangt ginn. De Staat kann hei mam gudde Beispill virgoen, andeems e Verwaltungen – z.B. d’ASTA –  aus dem Zentrum an d’Éislek verleet. Oder senge Mataarbechter d’Méiglechkeet gëtt, fir a Coworking Spaces no bei doheem ze schaffen oder an Deelzäitaarbecht, esou wéi d’Zukunftskeess et elo scho mécht. Eng aner Méiglechkeet ass d’Aféierung vum Télétravail, deen an engem Pilotprojet getest gëtt.

Op déi Manéier géifen och privat Entreprisen incitéiert ginn, sech éischter dezentral z‘implantéieren, wouduercher de lokale Commerce profitéiert an d‘Regiounen zousätzlech belieft ginn.

E performanten Noutdéngscht iwwer Land

Konkret misst awer och méi gemaach ginn, fir déi medezinesch Versuergung an den Noutdéngscht grad iwwer Land ze verbesseren. Den Norddeputéierten huet un déi laangjäreg Fuerderung vun der DP erënnert, fir den Dokteren an enger Urgence eng blo Luucht um Auto z‘erlaben.

D’Sécherheetsgefill stäerken

Mat der Reform vun 2018 sollten d’Ressource bei der Police besser agesat ginn an och méi Presenz um Terrain gewise ginn. Ob d’Zil erreecht gi wier, misst ee kucken, eng spezifesch Debatt zum Thema wier ugefrot, esou nach den André Bauler. D‘DP géing grondsätzlech begréissen, dass am lafende Budget bedeitend méi Mëttel fir Personal ageplangt wieren. Schliisslech wier dat de Käerproblem, deen ee léise misst: bei der Police an an der Santé.


André Bauler