Vous êtes ici

Institutiounen a Reform vum Staat

Actualités Constitution, institutions et démocratie Lex Delles

A senger Interventioun ass de Lex Delles op déi sëllech institutionell Reformen agaangen, déi ënnert dëser Regierung entweder schonn ofgeschloss oder lancéiert goufen. Hien huet dobäi ënnerstrach, dass et der Regierung wichteg ass, dass dës Reformen am Dialog mat alle Parteien a mat de Bierger gemaach ginn.

„Mir brauche keng Angscht ze hunn, d’Leit ëm hir Meenung ze froen. Mir mussen de Leit och net alles erklären, si verstinn dat och vum selwen. Mee mir mussen d’Leit méi mat abannen. Ech si wierklech frou, datt dat elo bei der Verfassungsreform geschitt a freeë mech schonn op den Dialog mat de Leit.“

Ganz besonnesch huet sech den DP-Députéierte mat der Relatioun tëscht de Reliounsgemeinschaften an dem Staat beschäftegt. An deem Kader huet hien och nach eng Kéier d’Wichtegkeet vun deem neien eenheetleche Wäerteunterrecht betount.

„D‘Fro vum Wäerteunterrecht ass an eisen Ae keng reng schoulpolitesch Fro, mä allgemeng eng Fro iwwert d‘Verständnis vun der Demokratie an dem Zesummeliewen an eiser Gesellschaft. Mir sinn der Meenung, dass eise Schoulsystem soll integrativ wierken an dass een d‘Kanner net opgrond vun hirem kulturellen oder reliéisen Hannergrond soll trennen.“

Weider Informatiounen

Ried vum Lex Delles [méi...]

Lex Delles