Vous êtes ici

Participativ Demokratie: Eng Erausfuerderung fir d’Politik an d’Bierger

Actualités Tribune libre Politique communale Anne Daems

Zu Lëtzebuerg stinn eng Rei Gemengefusiounen am Raum.

Eng dovunner ass d’Mega-Fusioun vun direkt 5 Gemenge mat 24.000 Awunner. Schieren, Ettelbréck, Ierpeldeng un der Sauer, Dikrech a Bettenduerf: Mat engem Coup géing den 3. Entwécklungs-Pol am Land entstoen; nieft der Stad Lëtzebuerg an Esch/Uelzecht. E grousse Gewënn fir de Norden, deen direkt méi Gewiicht hätt: z.B. bei der Dezentraliséierung vu Verwaltungen oder beim Bau vun nationaler Infrastruktur.

D’Fro, déi ech mir stellen, ass net déi vun de méigleche Bienfaite vun enger Fusioun, mee vill méi déi vun der Akzeptanz.

Ee Beispill: Beim Biergerforum vun der Stad Ettelbréck iwwert d’Nordstadfusioun sinn am Oktober zejoert ganzer 16 Leit komm... „16 Leit kënnen dach net fir déi 9.000 Awunner schwätzen, déi eis Gemeng eleng huet!”, esou mäin Noper deemools. Dat ass richteg an dat ass mäi Punkt: Biergerbedeelegung.

Op der Internetsäit vun der Nordstad ass riets vun Online-Dialog mat alle Bierger, vun engem Biergerrot a vun deene Biergerforen. Et sinn also Instrumenter do, fir d’Leit mat anzebannen.

Firwat maachen d‘Bierger dann net mat, Covid hin oder hier? Well d’Politik muss dofir suergen, datt jidderee beschtméiglech virum Referendum informéiert ass.

Virop mengen ech, datt d’Leit nach net genuch un d’Biergerparticipatioun gewinnt sinn.Ma d’Awunner spillen eng wichteg Roll beim Decisiounsprozess. An op de soziale Medie gesäit ee jo gutt, datt d’Leit sech zu alle méiglechen Theme mellen an net zécken, fir hir Meenung z’äusseren.

Participatioun an der Politik brauch awer Zäit a fonctionéiert nëmmen, wa béid Säiten hiren Deel bäidroen.

Et féiert kee Wee dolaanscht, datt et dofir eng gutt a beharrlech Kommunikatioun brauch – hei spillen d’Sproochen eng wichteg Roll, ma och d’Instrumenter duerch déi kommunizéiert gëtt. Et brauch eng einfach zougänglech Informatioun an et muss kloer sinn, wou d’Rees higeet.

Participatioun ass wäertvoll: fir d’Bierger a fir d’Politik. Si ginn hei Hand an Hand.

Fir dëse gemeinsame Prozess zu engem feste Bestanddeel vun eisem Zesummeliewen an der Gemeng ze maachen, brauch et Vertrauen – op deenen zwou Säiten.

Participativ Demokratie ass e Léierprozess, fir deen et keng Zensur gëtt an och keen Diplom. Dofir awer d’Asiicht, datt een zesumme seng Gemeng – jo esouguer eis Gesellschaft – ka méi frëndlech a méi liewenswäert gestalten.

 


Anne Daems

Fichier attachéTaille
Icône audio 20210208_adaems_tribune_libre.mp34.7 Mo