Sie sind hier

#vakanzdoheem: Sech vun der Schéinheet vu Lëtzebuerg iwwerrasche loossen!

News Tourismus Lex Delles

Am Kader vun der Strategie „Tourismus 2022“, huet de Ressortminister Lex Delles eng nei Campagne lancéiert, fir den Tourismus heiheem mat enger Partie Sensibiliséierungsactiounen ze promouvéieren. Et geet him dobäi drëm, fir d’Lëtzebuerger an d’Leit aus der Groussregioun verstärkt op d’Destinatioun Lëtzebuerg hinzeweisen.

Dofir ginn Enn vum Mount 6 digital Portaler mat „Augmented Reality“ installéiert. Do kann een da mam Handy verschidden Attraktiounen a speziell Plazen als Panoramabiller kucken.

Weider gëtt e Fotosconcours „Vakanz doheem“ lancéiert, wou d’Leit ënnert dem Hashtag #vakanzdoheem hir Fotoen op Facebook oder Instagram publizéiere kënnen.

 „Déi zwou Campagne sinn exzellent Geleeënheeten, fir Lëtzebuerg anescht z’entdecken a sech vu schéine Plazen iwwerraschen ze loossen, un déi een nach net (neméi) geduecht hat“, esou dem Minister säi Constat.