Sie sind hier

Unerkennung vun der däitscher Gebäerdesprooch

News Gesellschaft Corinne Cahen Gilles Baum

D’Gesetz vun de Ministère vun der Bildung, der Famill an der Kultur erkennt déi däitsch Gebäerdesprooch als vollwäerteg Sprooch un. Domadder gëtt déi sproochlech Identitéit vun de Leit gefërdert, déi guer net oder schlecht héieren.

D’Gebäerdesprooch ass eng visuell Sprooch, dobäi komme Gesten, d’Mimik vum Gesiicht an d’Kierperhaltung.

Lëtzebuerg huet sech fir déi däitsch Gebäerdesprooch decidéiert, well si am meeschten hei am Land gebraucht gëtt.

Déi betraffe Leit kréie mat deem Gesetz d’Recht op hir eege Sprooch, ma zemol fir sech kënnen offiziell an hirer Sprooch z’informéieren. Dat bedeit ë.a. d’Recht op e Gebäerdesproochendolmetscher am Kontakt mat de Verwaltungen.

D’DP suergt mat deem Text dofir, datt d’Leit kënnen déi däitsch Gebäerdesprooch léieren an domadder d’Primärschoul an de Secondaire maachen, an och kënnen en Ofschloss kréien. Doriwwer eraus si gratis Coursen an der Gebäerdesprooch fir d’Familljemembere virgesinn.


 

Corinne Cahen

Gilles Baum