Sie sind hier

D'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

News Gesellschaft Claude Lamberty André Bauler

©Foto: SIP

Am Mäerz 2017 huet d'Regierung ee "Strategiepabeier fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch" ausgeschafft an ugeholl. Déi eenzel Mesurën aus dësem Strategiepabeier sollen dozou bäidroen de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch weider stäerken, d’Norméierung, de Gebrauch an d’Etüd vun der Lëtzebuerger Sprooch virundreiwen, wéi och d’lëtzebuergesch-sproocheg Kultur an d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch promouvéieren.

Dëse Mëttwoch goufen elo eenzel Punkten aus dem Strategiepabeier gesetzlech verankert. Den DP Deputéierten a Rapporteur vum Gesetz Claude Lamberty huet de Projet am Plenum virgestallt. An senger Ried ass de Rapporteur op d'Wichtegkeet vun der Lëtzebuerger Sprooch agaangen: "Eis Sprooch ass de Kär vun eisem kulturelle Patrimoine an et ass e wichtege Pilier vun eiser Identitéit. Als Integratiounssprooch verbënnt an intégréiert d’Lëtzebuerger Sprooch Leit mat verschiddene Kulturen a Liewensgeschichten a dréit sou wesentlech zu der Stäerkung vun der gesellschaftlecher Kohäsioun am Land bäi", esou de Claude Lamberty.

Ee Kommissär an een Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

Mam Gesetzprojet gouf de Poste vun engem Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch geschaf a seng konkret Missiounen definéiert. Hien gëtt ënner anerem zoustänneg fir en 20-Joresplang ronderëm d'Lëtzebuergescht auszeschaffen.

Donieft gesäit de Gesetzesprojet nach vir een Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze schafen, deen sech mat der Lëtzebuerger Sprooch an der Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg befaasst. Den Zenter soll sech och ëm d'Promotioun vum Lëtzebuergeschen national an international këmmeren.

Schlussendlech krut de Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch, deen zënter 1988 besteet, d'Missioun fir sech ëm d'Reegelen iwwer d'Schreifweis, d'Grammaire, d'Aussprooch an de gudde Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch ze këmmeren. De Conseil gëtt zudeem säin Avis iwwer d'Froen ëm d'Realisatioun vun der Politik iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch of.

De Bildungsminister Claude Meisch ass a senger Interventioun ënnert anerem op eng rezent Ëmfro agaangen. 77% vun der Bevëlkerung schwätze laut där Ëmfro Lëtzebuergesch. Dëst ass een héijen Undeel wann ee bedenkt, datt ënnert de Befroten och eng 40% Netlëtzebuerger waren. Bei der nämmlechter Ëmfro huet sech och erausgestallt, datt eng grouss Majoritéit (78%) der Meenung ass, datt d’Lëtzebuerger Sprooch am Alldag nach méi gestäerkt soll ginn. An den Ae vum Minister weisen dës Ëmfroe ganz kloer, datt Lëtzebuergesch engersäits net nëmmen déi éischt Sprooch vun de Lëtzebuerger ass, mä anersäits och vu villen auslännesche Matbierger geschwat gëtt. Dëse Succès wier ouni Zweiwel och op d’Lëtzebuerger Schoul an op déi vill Lëtzebuergeschcourse fir Erwuessener zeréckzeféieren, déi hei am Land ugebuede ginn.

Lëtzebuerger Kultur&Traditiounen

Fir den DP Deputéierten André Bauler hëlt d'Lëtzebuerger Sprooch eng Schlësselroll an, wann et ëm d'Kultur an ëm d'Traditiounen hei am Land geet. "D’Sprooch ass a bleift awer d’Haaptelement vun eiser kultureller Identitéit. Iwwert d’Sprooch loossne sech eis Kultur, eis Traditiounen an eis Geschicht vermëttelen", esou den André Bauler.

 


Claude Lamberty

André Bauler