Sie sind hier

Europäesch Verhandlunge fir den Austrëtt vu Groussbritannien ze verhënneren

News Außenpolitik Eugène Berger Xavier Bettel

De Premier Xavier Bettel an de Fraktiounspresident Eugène Berger hunn an der Chamber Stellung zum Brexit geholl.

Et ass méi einfach ze soen, d’Brite kéinte jo goe wann et hinnen net an der EU gefält, leider ass d’Realitéit eng aner. Et ass e Memberland mat enger laanger europäescher Geschicht. Si maache ronn 13% vun den EU-Bierger aus. Et ass dat drëttgréisste Land an der EU a no Däitschland an Frankräich huet Groussbritannien och mat Italien déi meeschte Sëtz am Europaparlament. Groussbritannien bedeelegt sech mat iwwer 17 Milliarden Euro um EU-Budget. Dat ass déi véiertgréisst Contributioun. Dat ass en Nettobäitrag - also EU-Subventiounen a Groussbritannien ofgerechent - vun iwwer 10 Milliarden Euro. Dat ass deen zweetgréisste Bäitrag no Däitschland an et si Suen, vun deene mir alleguerte profitéieren, Suen déi ouni Groussbritannien anescht missten opgedriwwe ginn.“

Level playing field

Säit e puer Méint verhandelt de Premier David Cameron mat sengen europäeschen Homologen op enger ganzer Rei vu Exceptiounen ouni déi Groussbritannien sech net ka virstelle weiderhi Member vun der Unioun ze bleiwen. „Et muss awer och kloer sinn, dass d’Konditioune stëmmen an dass ee Land, wat Member vun der EU ass sec och muss un d’Regelen halen, déi fir jidderee gëllen. Dat ass och d’Ausgangsbasis gewiescht vun eise Gespréicher.“ huet de Staatsminister vun vireran erënnert. Am Beräich vun de Sozialleeschtungen, der Gouvernance économique, der Kompetitivitéit an dem Subsidiaritéitsprinzip goufe Mesuren, Dispositiounen a Prinzipie festgehal, déi zum Deel dat confirméieren, wat och haut scho Gesetz a Regel ass. Se erlaben awer zum Deel Exceptiounen, déi et awer an der Vergaangenheet scho fir aner Länner goufen, respektiv och Dispositiounen, déi awer fir all déi 28 Memberlänner gëllen.

2. Schratt : britesche Referendum

Elo wäert Groussbritanien ee Referendum ofhale mat der Fro op hiert Land mat dësen ausgehandelte Konditioune weiderhi Member vun der EU soll bleiwen. D’Euroskeptiker op der Insel plädéiere fir een Austrëtt, den David Cameron mëscht Campagne fir de JO. „Et handelt sech em en brito-britesche Problem an am Endeffekt sinn et och d'Briten, an si eleng, déi den 23. Juni entscheeden , ob et zum Brexit kënnt. “ esou de Fraktiounspresident vun der DP, den Eugène Berger. Ofschléissend huet hien ënnerstrach dat d'Memberlänner sech op jidder Fall net kënne virwerfe loossen net hirt beschtméiglechst gemaach ze hunn.

Weider Informatiounen

  • Declaratioun vum Staatsminister Xavier Bettel [méi...]
  • Ried vum Fraktiounspresident Eugène Berger [méi...]

Xavier Bettel

Eugène Berger