Sie sind hier

E weidere Schrëtt fir eng transparent Finanzplaz

News Finanzen Eugène Berger Pierre Gramegna

No Luxleaks war d'Opreegung grouss an eist Land ass vu vill Säiten ugegraff ginn, dat zu Onrecht. Et ass besonnesch em déi sougenannte Rulinge gaangen, Decisiounen déi d'Steierverwaltung hëlt an esou de Firmen eng gewësse Planungssécherheet garantéieren. Dëst ass eng legal Praxis, déi och a ganz villen anere Länner benotzt gëtt. Ënnert der Lëtzebuerger Presidence ass dunn relativ schnell eng Direktive ausgeschafft gi fir esou Rulingen op europäeschen Niveau automatesch tëscht den Administratiounen auszetauschen. De President vun der Finanz- a Budgetskommissioun Eugène Berger huet dëst de Mëtten an der Chamber begréisst: „Et ass nëmme richteg, dass mir elo op eng transparent Finanzplaz setzen, och well mer hei am Land iwwert ganz vill Knowhow an dësem Beräich verfügen.“ Duerch d'Transpositioun vun dëser Direktive an eist nationaalt Recht, gëtt d'Kompetitivitéit vun eiser Finanzplaz awer och weider gestäerkt. „Mat deem heite Vote beweise mir, dass mir bei der Transparenz bei der Fiskalitéit ukomm sinn, dass dat keng eidel Wieder sinn“, esou de Finanzminister Pierre Gramegna zu dësem Projet.

 


Ried vum Eugène Berger


Ried vum Pierre Gramegna

 


Eugène Berger

Pierre Gramegna