Sie sind hier

E legale Kader fir d’Blockchain am Finanzberäich

News Finanzen André Bauler

Den Donneschden huet d’Chamber e Gesetzesprojet ugeholl fir e legale Kader fir d’Zirkulatioun vu Wäertpabeiere per Blockchain ze schafen. Domadder ass Lëtzebuerg eent vun den alleréischte Länner an Europa, dat sou e Gesetz adoptéiert a sech sou op der internationaler Landkaart positionéiert. D’Zil vun dësem neien Text ass et, fir juristesch Sécherheet an engem Domän ze suergen, deen ëmmer méi u Gewiicht gewënnt.

Am Zäitalter vun der Digitaliséierung an engem ëmmer méi séieren technologesche Wandel gëllt et, d’Finanzplaz un déi nei Erausfuerderungen unzepassen an de richtege Kader ze schafe fir d’Opportunitéite vun den neien Technologië beschtméiglech kënnen ze notzen an d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg ze erhalen, sou de Rapporter André Bauler.


André Bauler