Sie sind hier

5G a WiFi am ëffentlechen Transport

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

A wéi ville Bussen an Zich gëtt et scho WiFi fir d'Passagéier? Bis wéini ginn d'Zich vun der CFL domadder equipéiert? Wäert d'CFL vum Opbau vum nationale 5G Reseau profitéieren, fir de Passagéier an Zukunft eng méi grouss Bandbreet zur Verfügung ze stellen? D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hunn dem Mobilitéitsminister e puer Froen zu deem Sujet gestallt.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

« De 5G ass fir den ëffentlechen Transport an duebeler Hisiicht interessant. Zum engen ass et méiglech duerch déi méi grouss Bandbreet méi Passagéier mat séierem WiFi ze versuergen, an z’evitéieren, dass de WiFi duerch ze vill Utilisateuren iwwerlaascht gëtt. Zum aneren ass de 5G d’conditio sine qua non fir d’« vehicle-to-vehicle » (V2V) respektiv d’« vehicle-to-infrastructure » (V2I) Kommunikatioun.

Wéi den ILR rezent matgedeelt huet, wäerten deemnächst d’5G-Frequenze versteet ginn, soudass den nationale Reseau bis Enn dës Joer opgestallt kéint ginn, an éischt Projeten op eng gréisserer Echelle, notamment an de genannte Beräicher, lancéiert kéinte ginn.

Wat donieft de WiFi an den Zich betrëfft, sinn déi nei Zich vum Typ Coradia vun Alstorm, déi bestallt goufen, standardméisseg mat WiFi equipéiert. Allerdéngs hat den Här Minister och ugekënnegt, dass méi aalt Material vun der CFL soll nogerüst ginn, fir de Passagéier WiFi zur Verfügung ze stellen.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

- Wéi vill Zich a Busser sinn am Moment scho mat WiFi ausgerüst ?

- Wat ass de Bilan vum Pilotprojet WiFi an de « Kiss »-Zich ?

- Kann den Här Minister Prezisioune ginn, wéi vill Zich mat WiFi wäerten equipéiert ginn?

-  Op wéi enge Strecke kéimen déi Zich an den Asaz?

- Bis wéini kéinten déi betraffen Zich nogerüst ginn?

- Ass virgesinn, an den Zich déi mat WiFi sollen equipéiert ginn, Router z’installéieren, déi an der Dateniwwerdroung vum Zuch zum Operateur am Frequenzberäich vum 5G senden an empfänke kënnen, fir de Passagéier WiFi am Zuch zur Verfügung ze stellen ?

- Wäerten déi bestallten Zich vun Alstorm pünktlech kënne geliwwert ginn oder muss duerch d’Corona-Pandemie mat Verspéidunge gerechent ginn?

- Wäerten déi bestallten Zich vun Alstorm technesch sou ausgerüst sinn, dass se fir d’Dateniwwerdroung vum Zuch zum Operateur op de 5G zréckgräife kënnen ?

- Wäert bei der neier Ausschreiwung vun den RGTR-Linnen d’Offer vu Wifi am Bus ee Krittär sinn?

- Plangt d’CFL Projeten am Beräich V2V respektiv V2I fir déi nächst Joren ?

- Wa jo, kéint den Här Minister Prezisiounen zu dëse Projete ginn ? »

Mat déiwem Respekt,

                      

             Claude LAMBERTY                       Max HAHN

                   Deputéierten                            Deputéierten


[dp:member:3302]

Max Hahn