Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit André Bauler

Solle Policekommissariater am Norde vum Land zougemaach ginn?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass fir den 1. Abrëll 2018 véier Policekommissariater am Norde vum Land zougemaach solle ginn. Konkret betraff wieren d'Kommissariater zu Béiwen (Stauséigemeng), Groussbus, Housen a Veianen. Aus deem Grond huet den André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, ob dat tatsächlech esou ass a wa jo, firwat dës Decisioun geholl ginn ass. Donieft huet hien och nach gefrot wéi d'Kommissariater an Zukunft am Norden organiséiert solle sinn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Tourismus André Bauler

Vëlospist tëschen Veianen a Bleesbréck : Firwat ginn d'Aarbechten net virun?

Ëm déi fofzéng Joer sinn et ewell schon, dass un der Vëlospist tësche Veianen a Bleesbréck geschafft gëtt. Während den Deel Furen-Veianen fäerdeg gestallt konnt ginn, waart ee beim Abschnitt Furen-Bleesbréck nach ëmmer drop. Dobäi géing déi Vëlospist wann se fäerdeg wier, net nëmmen zur sougenannter Mobilité douce an der Regioun bäidroen, mee se kéint och positiv Auswierkungen op den Tourismus an der Géigend hunn. Den Deputéierten André Bauler huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Bildung Claude Lamberty Lex Delles

Zielt d'Gratuitéit och fir déi digital Versioune vun de Schoulbicher?

Ab der nächster Rentrée un, wäerte d'Schoulbicher fir den Fondamental an fir den Secondaire gratis sinn. Zudeem gesäit de Budget 2018 och de Kaf vun weideren Tablette vir.  D'Familljen ginn also weider finanziell entlaascht. D'DP Deputéiert Lex Delles an Claude Lamberty froen an dem Kontext ënner anerem no, ob d'Applikatiounen an d'Online-Versioune vun de Bicher och rembourséiert ginn.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Claude Lamberty Max Hahn

Aggressioune géint Polizisten : Taseren oder Bodycams fir méi Sécherheet ?

Bei eisen däitschen Noperen ass d’Police am Gaangen den Asaz vun Taseren a vu Bodycams ze testen. En Tëschebericht hält fest, datt hiren Asaz oft deseskaléierent wierkt. Bei den Taseren huet sech erausgestallt, datt d’Gewaltbereetschaft schonn eleng bei der Ukënnegung vum Asaz vum Elektroschocker erofgaangen ass. D’DP-Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hunn dowéinst den zoustännege Minister gefrot, ob hie sech no dësen neien Erkenntnisser den Asaz vun esou Alternativen och zu Lëtzebuerg kéint virstellen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Wou stinn d'Aarbechte vun der geplangten Eisebunnsënnerféierung zu Zéisseng?

Am Kader vun der Moderniséierung vun der Zuchlinn Stad-Péiteng sollte verschidde Gleisiwwergäng duerch Ënnerféierungen ersat ginn, sou och zu Zéisseng an der rue des Celtes. Deen Iwwergang ass och 2012 zougemaach ginn, d'Ënnerféierung ass awer nach ëmmer net gebaut. D'Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hunn dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, wou d'Aarbechte vun deem Projet stinn a firwat et do sou eng Verspéidung gëtt.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie André Bauler

Solarzellen op den ëffentleche Gebaier?

Den Atert Lycée zu Réiden huet scho méi laang eege Solarzellen, mat deene genuch Stroum produzéiert gëtt fir seng energetesch Besoinen ze decken. Virun deem Hannergrond freet den André Bauler den zoustännege Minister, ob och fir aner Lycéeë respektiv aner ëffentlech Gebaier sou Installatioune geplangt sinn a wa jo, wat hir Leeschtung wäerd sinn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Claude Lamberty Max Hahn

Alternativen zum Plastik?

Mir verbrauchen ëmmer nach ze vill Plastik, deen net recycléiert gëtt an oft an der Natur lant. Frankräich wäert Besteck aus Plastik ab 2020 verbidden. Wat sinn d’Projete vu Lëtzebuerg fir manner Plastik ze benotzen an op wat fir Alternative kéint een zréckgräifen. D’DP-Deputéierte Claude Lamberty a Max Hahn stellen dës Froen der zoustänneger Ëmweltministesch.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Wéi steet et ëm d'Verkéierssécherheet vun de Foussgänger?

Nodeems an der Lescht ëmmer rem Foussgänger an zum Deel schro Accidenter verwéckelt waren an den däitschen Ausseministère dowéinst souguer zäitweileg eng Reeswarnung fir Lëtzebuerg erausginn hat, froen d'Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty den zoustännege Minister François Bausch wat d'Grënn fir des Entwécklung sinn a wat hie wëlles huet dogéint ze ënnerhuelen.

Parlamentarische Fragen Gemeinden Verfassung, Institutionen und Demokratie Gusty Graas

Onkloerheet bei Lëschtestëmme fir onkomplett Kandidatelëschten?

Verschidde Wieler waren sech net sécher wei si hir iwwreg Stëmme verdeele kënnen, wann si de Rondel iwwert enger net kompletter Lëscht geschwäerzt hunn. Den Deputéierte Gusty Graas huet beim Inneminister nogefrot ob et net ubruecht wier d'Wahlgesetz oder d'Instruktioune fir d'Wieler ze präziséieren.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Gesundheit und Pflege Claude Lamberty Max Hahn

Wat sprécht fir eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis?

An ëmmer méi Länner gëtt de Gebrauch vu medezineschem Cannabis legaliséiert. D'Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty froe Gesondheetsministesch an enger parlamentarescher Fro wat fir a géint eng Legaliséierung zu Lëtzebuerg schwätzt.

Parlamentarische Fragen Gemeinden Gesundheit und Pflege Claude Lamberty Max Hahn

Réckgang vun den Éischt-Hëllef-Coursen?

Den Deputéierte Max Hahn an Claude Lamberty ass zu Ouere komm, dass plazeweis am Land d'Unzuel vun den Éischt-Hëllef-Coursë réckleefeg wieren, trotz héijen Aschreiwungszuelen d'Joer virdrun. Donieft géifen och net méi all d'Stéit via Toute-Boîte iwwert déi Coursen informéiert ginn. An hirer Question Parlementaire froen déi zwee Deputéiert beim zoustännege Minister no, ob dat sou ass an ob et do vläicht e Lien gëtt.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Investissementer vun der CFL am Norden vum Land

Nodeems d'CFL ugangs der Woch zesumme mam Infrastrukturminister François Bausch hir geplangten Investissementer an d'Schinnennetz uechtert d'Land presentéiert huet, freet den Deputéierten André Bauler no, wéi et mat den Investissementer am Éislek ausgesäit.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps Gusty Graas

Nei Formel vu Levothyrox : och problematesch Fäll zu Lëtzebuerg?

Levothyrox ass ee wichtegt Medikament wat vu Patiente mat enger Schilddrüsenennerfunktioun geholl gëtt. Nodeems d'Formel geännert ginn ass, goufen et a Frankräich extrem vill Fäll, an deene schlëmm Niewewierkungen opgetaucht sinn, déi souguer am schlëmmste Fall, déidlech waren. D'DP Deputéiert Gusty Graas, Edy Mertens an Alexander Krieps froen dofir beim zoustännege Minister no, op dat Medikament mat der neier Formel och zu Lëtzebuerg verkaaft gëtt, an op et och schon problematesch Fäll gi sinn.

Parlamentarische Fragen Arbeit Staat und Öffentlicher Dienst Claude Lamberty Max Hahn

Erhéijung vum Pappecongé och an der Fonction publique?

Nodeems bekannt ginn ass, datt de Pappecongé am Privatsecteur op 10 Deeg erhéicht gëtt froen d'Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty de Minister vun der Fonction publique op och de Pappecongé fir d'Staatsbeamte vun aktuell 4 op 10 Deeg erhéicht gëtt.

Parlamentarische Fragen Arbeit Gesellschaft André Bauler

Service vum "écrivain public": eng ënnerstëtzenswäert Initiative?

Ëmmer méi Persounen hu Problemer administrativ a juristesch Texter ze verstoen oder ze schreiwen. De Service vum sougenannten "écrivain public" kéint dëse Leit hëllefen, mengt den Deputéierten André Bauler a senger Fro un den Aarbechtsminister.