Vous êtes ici

Méi Lëtzebuergesch a méi Franséisch

Actualités Education Claude Meisch Gilles Baum

D'Sproochendiskussioun dierf keen ideologeschen Debat a keng Parteipolitik sinn. Deen Appel huet de Bildungsminister Claude Meisch am Kader vun enger Interpellatioun zur multilingualer Fréifërderung gemaach. D'Realitéiten um Terrain ginn him Recht. Zwee Drëttel vun de Kanner déi hei an d'Schoul ginn, schwätzen nämlech kee Lëtzebuergesch doheem. Doriwwer eraus doe vill Lëtzebuerger Kanner sech schwéier mam Franséischen, wat hinnen duerno an der Schoul an am spéidere Liewe Schwieregkeete ka maachen.

De Bildungsminister ass och nach emol op d'Zilsetzung vun der multilingualer Fréifërderung agaangen. Zil ass et, datt d'Kanner Lëtzebuergesch kënnen a Lëtzebuergesch schwätzen, wann si an d'Schoul kommen. A gläichzäiteg sollen d'Kanner systematesch en éischte Kontakt mam Franséische kréien, fir datt der net esou vill duerno um Franséische scheiteren.

De Claude Meisch huet nach emol betount, datt a ville Crèchen hautdesdaags iwwerhaapt kee Lëtzebuergesch geschwat gëtt, well et an der Vergaangenheet verpasst ginn ass, eng Richtlinn fir d'Crèchen a Saache Sprooche virzeginn. Hätt déi viregt Regierung Lëtzebuergesch an de Crèchë gefërdert, hätte mir haut keng Crèchë wou nëmme franséisch geschwat gëtt.


Extrait aus der Ried vum Bildungsminister Claude Meisch

 

Den DP-Deputéierte Gilles Baum huet a senger Interventioun ënnerstrach, datt mir sollen houfreg op eis geliefte Méisproochegkeet sinn, fir déi eis vill Leit aus dem Ausland beneiden.

Grad d'Schoulen hunn an deem Kontext eng wichteg Verantwortung fir Kanner mat ganz ënnerschiddleche Kulturen a Mammesproochen zesummen ze féieren. Obwuel déi Heterogenitéit eng grouss Chance fir eis Gesellschaft wier, wier dës Diversitéit awer och Ursprong vun enger ganzer Réi Differenzen. „Besonnesch déi sproochlech Barrièren bereede ville Schüler hautdesdaags Schwieregkeeten, déi si bis an d’Beruffsliewe begleeden an hinnen do sou munche Steen an de Wee leet. D’DP wëll keng Schoul, déi sproochlech a sozial Differenze verstäerkt. Mir hunn eis ëmmer derfir staark gemaach, datt all Kand déi nämmlecht Startchancë kréie soll a kee wéinst enger anerer Mammesprooch an der Schoul benodeelegt soll ginn“, esou de Gilles Baum.

De Gilles Baum gesäit an der multilingualer Fréifërderung vum Bildungsminister dee richtegen Usaz. D’Kanner sollen nämlech op eng kandgerecht a spilleresch Aart a Weis duerch Lidder, Reimer, kuerz Geschichten, Fangerspiller a Rollenspiller un déi lëtzebuergesch a franséisch Sprooch erugefouert ginn. D’Freed an d’Loscht um Léiere vun dëse Sprooche solle bei de Kanner am Mëttelpunkt stoen.

Dës multilingual Fréifërderung funktionéiert an déi zwou Richtungen. Net nëmme kréien d’Kanner, déi Lëtzebuergesch doheem schwätze méi séier ee Gefill an en Ouer fir dat Franséischt, och kommen all déi aner Kanner, déi soss just Franséisch an de Schoule geschwat hunn, méi fréi mat der lëtzebuergescher Sprooch a Kontakt“, ënnersträicht de Gilles Baum.

De Gilles Baum huet sech och gefrot firwat esou vill Leit sech mam Franséische schwéier dinn. „Komm mir vermëttelen de Schüler méi Loscht a Freed um Franséischen an un deenen anere Sproochen, ewéi d’Angscht Feeler ze maachen. Si sollen sech net fir hir Feeler schummen, mee am Géigendeel, si sollen houfreg si fir esou vill Sprooche schwätzen ze kënnen. Mir begréissen dofir och d’Initiative vum Bildungsminister Claude Meisch d’Sprooch an Zukunft méi no a méi praktesch vermëttelen ze wëllen, esou de Gilles Baum. 

Fir d’DP ass et wichteg, datt am Interessi vun de Kanner d'Bildungspolitik sech weider muss entwéckelen a kee Spill mat den Ängscht vun de Leit, an esou mat sou engem wichtegen Dossier wéi d Sproochepolitik, dierf gemaach ginn.

 

view video on chd.lu


Ried vum Gilles Baum

 

view video on chd.lu


Ried vum Bildungsminister Claude Meisch

 

Weider Informatiounen

Oppene Bréif vum Bildungsminister Claude Meisch [méi...]

 


Gilles Baum

Claude Meisch