Vous êtes ici

78-Woche-Reegelung: Et geet ëm individuell Schicksaler

Actualités Emploi André Bauler

„Wa mer mat dësem Gesetz de betraffene Leit hëllefen, andeems mer se materiell net am Stéch loossen dann ass dat ee wichtege Schrëtt op mënschlechem a sozialem Plang. Mir kënnen deem Problem net gläichgülteg géintiwwerstoen. Mir wëlle jo deenen hëllefen, déi wierklech an enger grousser Nout sinn.“ 

Fir d’DP ass d’Erhéijung vun der Period vun der Lohnfortzahlung vun 52 op 78 Wochen d’Äntwert op verschidden Eenzelschicksaler. Den DP-Deputéierten André Bauler huet op der Chambertribüne d’Problematik esou beschriwwen: „Ech selwer hunn nach zwee Fäll aus mengem Beruffsëmfeld am Kapp, wou schaffend Leit, déi laang krank geschriwwe waren, riskéiert hunn hir materiell Existenz ze verléieren. Dat engt war de Fall vun enger Damm aus der Botzequipp, dat anert eng Enseignante. Allebéid hate si eng ganz schwéier Krankheet, déi si béis matgeholl huet ; allen zwee hu si e Liewe laang hir Aarbecht verriicht, mat vill Asaz a Konsequenz. Wéi déi 52 Woche Krankschreiwung iwwerschratt waren, dunn huet déi perséinlech Dramatik eng weider Dimensioun kritt. Déi betraffe Persounen an hir Famill goufen zousätzlech mat existenzielle Froe konfrontéiert.“ 

D’DP ass sech bewosst, datt dës keng Eenzelfäll sinn. Et gëtt der eng ganz Rëtsch. Denke mer u Kriibsfäll oder un degenerativ-neurologesch Krankheeten. Déi Leit dierf een net am Reen stoe loossen, hinnen einfach kënnegen a si hirem Schicksal iwwerloossen.“

„Wa mer haut d’Period vun der Lohnfortzahlung vun 52 op 78 Wochen eropsetzen, da gi mer eng Äntwert op verschidden Eenzelschicksaler, déi eis net kënne kal loossen, well et sech dach ëm individuell Dramen handelt.“


 

André Bauler