Sie sind hier

Hëllef fir d’Lëtzebuerger Ekonomie

News Ausnahmezustand Finanzen Mittelstand Wirtschaft Xavier Bettel

De Lëtzebuerger Staat gëtt sech net manner wéi 8,8 Milliarden Euro, fir der Ekonomie ënner d’Äerm ze gräifen. Duerch déi enk Zesummenaarbecht vu Finanz-, Mëttelstands- an Wirtschaftsministère konnt een ëmfaassende Stabilisatiounspak ausgeschafft ginn, fir Entreprisen, ma och Start-uppen, Salariéen, Fräiberuffler a Kënschtler an dëser schwéierer Zäit z‘ënnerstëtzen.

D’DP begréisst all d’Mesuren, déi bis elo geholl gi sinn a setzt sech weider dofir an, fir esou gutt ewéi méiglech duerch d‘Krise ze kommen.

Mikro-Entreprisen

All Entreprise mat manner ewéi 10 Salariéen, déi hir Aktivitéite wéinst der Covid-19 Krise huet mussen ënnerbriechen, huet d’Recht op eng direkt Hëllef vu 5.000 Euro, déi steierfräi an net remboursabel ass.

Bis gëscht si 4.800 Dossiere verschafft ginn. An enger Woch goufe 16,5 Milliounen Euro un 3.300 Persounen ausbezuelt.

Fräiberuffler, PMEen a grouss Entreprisen

Entreprisen an Independante kënnen eng Avance beim Staat ufroen, fir d’Hallschent vun hire Fonctionnements-Käschten ze decken, déi tëschent dem 15. Mäerz an dem 15. Mee ufalen. Déi Avance vun héchstens enger hallwer Millioun Euro muss fréistens an engem Joer zeréckbezuelt ginn.

E Mëttwoch huet de Mëttelstandsminister Lex Delles eng direkt Hëllef vun 2.500 Euro fir Selbststänneger ugekënnegt. Déi Mesure gëllt fir Betriber, déi ënnert de Suite vum Coronavirus leiden an déi net méi ewéi 10 Salariéë beschäftegen. De Plaffong läit bei engem Héchstakommes vun 2,5x de Mindestloun.

Kënschtler an „Intermittents du spectacle“

Artiste mat finanzielle Schwieregkeete kënnen en Zouschoss aus dem Fonds social culturel vu bis zu engem komplette qualifizéierte Mindestloun kréien. D’Intermittents du spectacle kënne bis zu 20 zousätzlech Indemnités journalières pro Krise-Mount bäikréien. Zousätzlech zu den 121 Indemnités journalières, déi am Gesetz vum 19. Dezember 2014 virgesi sinn.

Start-uppen

D’Regierung huet decidéiert, fir de maximalen Taux vum staatleche Co-Finanzement fir „jonk innovativ Entreprisen“ vu 50% op e Minimum vu 70% ze erhéijen, soudass eng staatlech Hëllef vu bis zu 800.000 Euro kann deblockéiert ginn. Detailer ginn et op guichet.lu.

Zesumme mat Luxinnovation huet de Wirtschaftsministère gëscht en Opruff fir Projeten ënnert dem Numm „StartupsVsCovid19“ lancéiert. Deen Appell riicht sech u jonk Betriber fir d’ausschaffe vun innovativen, technologesche Produiten a Servicer, déi negativ Konsequenze vun der Corona-Krise limitéiere sollen. Den Delai ass den 30. Abrëll a bis zu 20 Projete ginn zréckbehalen. Si ginn allkéiers mat bis zu 150.000 Euro ënnerstëtzt.

Desweidere gi vun dësem Mëttwoch u speziell Info-Webinare fir Start-uppen organiséiert, an deenen Experte Ried an Äntwert zum ekonomesche Stabilisatiounspak stinn. Detailer ginn et op https://www.startupluxembourg.com

Letzshop.lu

D’Jores-Cotisatioun vun 500 Euro fir d’Shopping-Plattform Letzshop.lu muss dëst Joer net bezuelt ginn.


➡️Weider Informatioune fannt dir op https://coronavirus.gouvernement.lu/lb.html