Sie sind hier

D’Chamber huet déi nei Modalitéite vum Stage an der Educatioun gestëmmt

News Bildung Gilles Baum

Am Ufank vu senger Ried ass de President vun der Edukatiouskommissioun a Rapporteur vum Gesetz, de Gilles Baum, op d'Wichtegkeet vun enger gegléckter Beruffsaféierung agaangen. Déi wier wichteg, fir den Enseignant wärend sengen éischte Schrëtt am Beruffsliewen ze ënnerstëtzen an ze begleeden. Och mam neien Text soll de Stage dofir eng reell Plus-value fir de frësch gebaakenen Enseignant sinn.

Dialog a Konsens

De Gilles Baum huet och ënnerstrach, datt de Package d'Resultat vu laangen, ma konstruktive Gespréicher mat allen Acteuren ass. De Bildungsminister Claude Meisch huet effektiv den Dialog an de Konsens mat allen Betraffe gesicht. Esou goufen nieft de Gewerkschaften, och déi Haptbetraffe vum Gesetz, nämlech d'Vertrieder vun de Stagiairen, consultéiert.

Verkierzung vum Stage

Am Fondamental kann dem Enseignant seng Stagezäit op 1 Joer verkierzt ginn, wann e scho wärend senger Grondausbildung een oder méi Stagë vun op d‘mannst 16 Woche gemaach huet. Dat dierft fir déi allermeeschten de Fall sinn.

Am Secondaire haten d'Fonctionnaire bis ewell e Stage vun 3 Joer. Och hei gëtt kënnt et zu enger Reduktioun vun engem Joer op 2 Joer, jee nom Parcours an no der praktescher Erfarung am Studiegang. Dat nämmlecht gëllt iwwregens fir de Sous-groupe éducatif a psycho-social.

Aféiere vun enger „Période d'approfondissement“

Nieft der Reduktioun vun de Stagen an der neier Gewiichtung vu formativen Epreuven ass eng weider Kär-Mesure vum Projet de loi, déi  vun enger sougenannter d'Aféiere d'approfondissement, déi sech nom Stage un d'Beruffsaféierung vum Enseignant drunhänkt. Zu dëser neier Période d'approfondissement gehéieren och nach eng Rëtsch u formative Formatiounen, Hospitatiounen an e Regroupement entre pairs.

"D'Zil ass et, fir dem Enseignant d'Beruffsaféierung ze erliichteren an hie bei sengen éischte Schrëtt als noméierten Enseignant z'ënnerstëtzen. Wärend där Zäit gëtt hien och vun engem erfuerenen Enseignant – engem sougenannte Conseilller pédagogique de la période d'approfondissement – begleet an ënnerstëtzt",

esou de Gilles Baum.

Iwwergangsbestëmmungen

Fir déi Stagiairen, déi elo grad am Stage sinn, gesäit d'Gesetz natierlech och Iwwergangs-Dispositioune vir. Dat war och e grousst Uleies vun de Betraffenen a vum Ministère. Allgemeng kann een zu dësen Iwwergangsbestëmmungen dëst festhalen: Wann dat neit Gesetz méi favorabel Konditioune bitt wéi dat aktuellt, da gëllen déi och fir déi Enseignanten, déi elo schonn am Stage sinn. Et gëtt also keen duerch dëst Gesetz benodeelegt.


Gilles Baum