Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens Gusty Graas Alexander Krieps

En zweete PET-Scan fir Lëtzebuerg wier néideg!

E PET-Scan („Positron Emission Tomography“) ass e Scanner, deen haaptsächlech gebraucht gëtt fir Metastasen ze detektéieren. Zu Lëtzebuerg gëtt et een esou en Apparat.

D’DP-Deputéiert Gusty Graas, Alexander Krieps an Edy Mertens ënnersträichen an enger parlamentarescher Fro un de Gesondheetsministère an un de Ministère vun der Sécurité Sociale, datt ëmmer méi Leit musse fir esou medezinesch Examen an d’Ausland goen.

Dofir froen d’Deputéiert elo, ob et net opportun wier, fir en zweete PET-Scan hei am Land unzeschafen. Dat wier net vu Muttwëll, well d’Populatioun zu Lëtzebuerg ëmmer méi alt gëtt an doduercher och Kriibskrankheeten zouhuelen, wat al nees dozou féiert, datt esou Examen ëmmer méi dacks néideg sinn.

Mat engem zweete PET-Scan kéint een och laang Waardezäiten aus de Féiss goen, wéi se den Ament bei den IRM-Exame bestinn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Claude Lamberty Max Hahn

Froen zu den neie gréngen Tuten!

An 21 Gemengen am Land sinn déi blo Tute vu Valorlux elo duerch gréng Tuten ersat ginn. Si si fir déi nämmlecht Saache gutt wéi déi blo Tuten an zousätzlech och fir Plastikstuten a fir Plastiksfolien dran ze maachen.

Valorlux huet doriwwer eraus 15 Kollektstatiounen (RE-box) installéiert, an déi d’Leit ë.a. Joghurtsdëppercher, Kaffisbecheren a Barquettë mat den Deckele schmäisse kënnen.

D’DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hunn an deem Kontext e puer Froen un d’Ëmweltministesch.

Parlamentarische Fragen Bildung André Bauler

Wéivill Logopede schaffe fir de Ministère?

Well de Bildungsministère zu engem gudden Deel op Logopeden zréckgräift fir op déi ënnerschiddlechst Besoinen anzegoen, wollt den DP-Deputéierten André Bauler vum Minister Claude Meisch wëssen, wéi vill Leit an deem Secteur fir de Staat aktiv sinn.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Claude Lamberty Max Hahn

De Bësch als méiglech Plaz fir Wandmille?

Et ass schwiereg gëeegent Plazen ze fanne fir Wandmillen opzestellen, wou ee genuch Wand huet an awer och déi néideg Distanz zu Wunngebidder respektéiert. An Däitschland hunn dofir véier Bundeslänner ugefaangen, Wandrieder an de Bësch ze setzen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty froen an deem Kontext bei der zoustänneger Ministesch ënnert anerem no, wat si vu Wandmillen am Bësch hält an ob dat och e Modell fir Lëtzebuerg kéint sinn? 

Parlamentarische Fragen Bildung André Bauler

Wéi ginn d'Aarbechte vum Klierfer Internat virun?

Vu dass d'Aarbechten ëm de Klierfer Lycée esou séier viru ginn, dass en fir déi nächst Rentrée scho wäert fäerdeg sinn, huet de liberalen Deputéierten André Bauler beim Infrastrukturminister nogefrot, wéi et ëm d'Aarbechte vum geplangte Klierfer Internat steet.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Gusty Graas Alexander Krieps

Zeienopruff : firwat dee laangen Delai?

Reegelméisseg liest een an der Presse, datt no engem Onéierleche gesicht gëtt, dee Sue mat enger geklauter Kreditkaart opgehuewen huet. Déi Zeienopriff ginn awer oft eréischt Méint no de Faiten an de Medie publizéiert. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an Alexander Krieps froen aus deem Grond beim zoustännege Minister no, firwat d'Zeienopruff eréischt sou spéit verëffentlecht ginn a wéi vill Verbriechen duerch esou Zeienopriff nach opgedeckt ginn.

 

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Gusty Graas

Waasserstoff fir Stroum ze gewannen?

Waasserstoff ass eng Méiglechkeet, fir Stroum ze gewannen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gilles Baum

Zuchstreck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg: Firwat bleift den Zuch bei sou vill Arrêten net méi stoen?

Den DP-Deputéierte Gilles Baum wollt vum zoustännege Minister wëssen, firwat an deem neien Horaire vun der CFL sou vill Arrêten op der Stréck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg net méi ugefuer ginn.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Claude Lamberty Max Hahn

Kameraen fir d'Police- a Rettungshënn?

Am Kader vun der Ausstellung "Milipol" dësen November ass e Casque mat integréierter Kamera fir Policehënn virgestallt ginn. Op déi Aart a Weis gesäit de Polizist live dat, wat den Hond gesäit a kann him iwwert Funk och direkt Instruktioune matdeelen. Vu dass eng ähnlech Technologie schonn an anere Länner vun der Police a Rettungsdéngschter agesat gëtt, fir notamment Mënscheliewen a geféierleche Situatiounen ze schounen, hunn de Max Hahn an de Claude Lamberty de Minister Dan Kersch gefrot, ob sou ee Casque net och vun Interêt fir déi Déngschter zu Lëtzebuerg wier.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Eng Covoiturage-App vum Ministère?

De Minister fir nohalteg Entwécklung hat am Kader vun enger Froestonn d'lescht Joer ugekënnegt, eng App wëllen z'entwéckele fir de Covoiturage ze fërderen. Eng éischt Testphase war fir de Juli dëst Joer ugekënnegt ginn. Aus deem Grond huet de liberalen Deputéierte Max Hahn vum zoustännege Minister wollte wëssen, wéi wäit de Ministère mat den Aarbechte fir dës App well ass.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Eugène Berger

Wandrieder am Süde vum Land?

Dem DP-Deputéierten Eugène Berger ass zu Ouere komm, dass e Park vu Wandrieder am Süde vum Land geplangt wier. Aus deem Grond wollt hie méi genee Explikatioune vun der zoustänneger Ministesch.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Wat fir Critère muss ee respektéiere fir dierfen eng Protestaktioun z'organiséieren?

Dëse Sonndes hunn Aktiviste vu Greenpeace bei enger Aktioun am Rond-Point Raemerich fir e gréissere Verkéierschaos gesuergt. Den DP-Deputéierte Gusty Graas wollt an deem Kontext vum zoustännege Minister wëssen ob hien hinne d’Erlabnis ginn hat a wat fir Critère een iwwerhaapt muss erfëllen fir dierfe esou Aktiounen ze starten.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

E geféierleche Busarrêt zu Angelduerf?

Wéinst engem Chantier op der N7 hunn zu Angelduerf misse verschidde Busarrêten op eng aner Plaz verluecht ginn. Dem André Bauler ass an deem Kader zu Ouere komm, dass den Arrêt bei der Apdikt ganz schlecht geleeë wier, well en direkt bei enger Ausfaart aus engem Parking läit an dowéinst d'Passagéier Risike fir hir Sécherheet ausgesat sinn. Hien huet beim zoustännege Minister Erklärunge gefrot.

Parlamentarische Fragen Bildung Gesellschaft Gusty Graas

"Demasculinatioun" vun der franséischer Grammatik?

Eng ganz Rei vu Franséischprofesseren a Frankräich hunn sech entscheet, déi grammatikalesch Reegel "le masculin l'emporte sur le féminin" net méi unzewenden. Fir si gëllt d'Gläichberechtegung tëscht Fra a Mann och an der Grammatik an benotzen dofir den sougenannten "accord de proximité". Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet an deem Kontext ënnert anerem beim Educatiounsminister no, wat seng Positioun zu där "Demasculinatioun" vun der franséischer Grammaire ass an ob et am Fall vum Uwende vun där inklusiver Grammaire net zu Konfusioune komme kéint.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Landwirtschaft und Weinbau Lex Delles

Regional Produkter am Prisong?

Den Deputéierte Lex Delles huet an enger parlamentarescher Fro un de Justizminister nogehaakt, op déi ëffentlech Liewensmëttelausschreiwunge vum Prisong am Beräich vun der Mëllech esou restriktiv sinn, datt verschidde lokal a regional Fournisseuren net kënnen un dësen deelhuelen.