Vous êtes ici

Freed a Leed, no beienaner…

Actualités Frank Colabianchi Anne Brasseur

Politesch Parteie si wéi eng Famill, dat mierkt een zemol, wann d’Liewe sech vu senger batterer Säit weist. D’DP huet dat déi lescht 2 Woche mussen erliewen.

A wéi an enger richteger Famill réckelt och eng Partei bei esou Verloschter méi no beienaner. D’Mënsche gi sech géigesäiteg Trouscht a stäipe virop déi Leit, déi de Verstuerwenen extra no stoungen.

D’DP huet mam Niki Bettendorf a mam Roby Stahl zwee Membere vun hirer Famill verluer, déi hu mussen ze fréi goen. Zwee léif Mënschen a verdéngte Politiker, déi e grousse Vide an Trauer hannerloossen. An hire Familljen an an hirer politescher Heemecht.

D’Demokratesch Partei vernäipt sech virun hirem Liewenswierk.

Op där anerer Säit war et dës Woch de Bonjour um Krautmaart fir de Frank Colabianchi an de Merci vun der Chamber fir d’Anne Brasseur.

De Frank Colabinachi huet op der Chamberstribün gläich zwee mol Merci gesot. Dem Niki Bettendorf fir seng Frëndschaft a seng Ënnerstëtzung an der Anne Brasseur fir hiert Vertrauen.

D’Anne Brasseur krut vum Parlament den Titel vun der Éierendeputéierten. Hir (fréier) Kollegen hunn hir mat groussem Applaus Farewell gesot.

 


Frank Colabianchi

Anne Brasseur