Sie sind hier

Manner Zuchkaméidi duerch Dämpfer op de Schinnen?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

De Kaméidi vun Zich stellt dacks eng grouss Belaaschtung duer fir d'Leit, déi an der Géigend vun enger Gare oder Schinne wunnen. An hirer Äntwert op dem DP-Deputéierte Max Hahn seng parlamentaresch Fro hat d'Ëmweltministesch e Pilot Projet ernimmt, bei deem sougenannten "raildampers" op de Schinnen installéiert ginn, fir de Kaméidi ze reduzéieren. De Max Hahn huet dowéinst beim Mobilitéitsminister nogefrot, wat d'Konklusioune vun dësem Projet wieren an ob sou Dämpfer op méi Plazen am Land wäerten installéiert ginn.

Question

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

« An hirer Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°3302 vum 18. September 2017 huet d’Madamm Ëmweltministesch op meng Fro bezüglech de Mesuren, déi d’CFL huelen, fir de Kaméidi vun den Zich ze reduzéieren, Folgendes geäntwert :

« Toutefois, les CFL par le biais du Fonds du Rail ont commencé, il y a une dizaine d'années, à équiper le réseau ferré avec des murs antibruit en tout genre et plus particulièrement les arrêts et gares avec le mur en forme de « Z » spécialement développé par les CFL pour répondre à une demande de transparence tout en conservant un haut pouvoir absorbant. Tout récemment, une première zone de test vient de s'ajouter où les rails ont été équipés avec des absorbeurs de rails (« raildampers »). En cas de besoin, ces équipements seront montés en complément à des murs antibruit. »

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Wat sinn d’Konklusioune vun dësen Tester ? Wéi grouss ass d’Wierkung vun dësen Installatiounen ?
  • Op wéi enger Plaz war dës Testzon ?
  • Ass virgesinn, sougenannten « raildampers » op méi Plazen am Land, virun allem a Géigenden, wou Leit wunnen, z’installéieren ?
  • Wann net, wat wieren d’Grënn heifir ?
  • Wa jo, bis wéini kéint dat gemaach ginn ? Wéi eng Schinnenofschnëtter wéilt den Här Minister prioritär mat dësen Dämpfer equipéieren ? Wat wier de Käschtepunkt dovun ?
  • Sinn zousätzlech Schallschutzmauere geplangt ? Wa jo, wou kéimen déi hin ? Bis wéini kéinten se opgeriicht ginn ? »

Mat déiwem Respekt,

 

Max HAHN

Deputéierten


Max Hahn