Sie sind hier

Geplangte Wandmillen tëscht Bierden a Waarken

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Gusty Graas

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Energieminister an d’Madame Ëmweltminister weiderzeleeden:
 

« Tëscht Bierden a Waarken, um Territoire vun der Gemeng Ettelbréck, soll spéitstens an zwee Joer eng Wandmillen opgeriicht ginn; mat hiren 230 Meter déi héchst am ganze Grand-Duché. Och op Dikrech soll sou eng Wandmille stoe kommen. D’Wandmille kéim, sou liest een an der Press, zimmlech no bei déi éischt Haiser vu Bierden placéiert ginn, just 750 Meter wäit ewech. Vill Bierger vu Bierden an Ierpeldeng-Sauer maachen sech Gedanken iwwer den Impakt op hir Gesondheet vun dëser fir Lëtzebuerger Verhältnisser dach éischter ongewinnt héich Wandmillen.

 

Virun deem Hannergrond wollte mir dem Här Energieminister an der Madame Ëmweltminister folgend Froe stellen:

 

  • Wéi positionéieren sech den Här an d’Madame Minister zur Thematik „Infraschall“, also Schallwellen, déi een zwar net héiere kann, an awer op de mënschleche Kierper Afloss huele kënnen? Gëtt et dozou Studien, déi de Ministère ënnert d’Lupp geholl huet oder bereet ass ze huelen fir dës am Entscheedungsprozess ze berécksiichtegen?
  • Stëmmt et, datt de Schied vun dëser Wandmillen, je no Joreszäit, ganz no un d’Grenz vum Bierdener PAG kënnt? Wa jo, sinn den Här an d’Madame Minister sécher, datt dat net d’Liewensqualitéit vun de Bierger beanträchtegt?
  • Wier et net besser de Standuert vun der Wandmillen ze iwwerdenke fir de méiglechen Afloss op déi physesch a mental Gesondheet vun de Bierdener Awunner ze miniméieren?
  • Denkt de Ëmweltministère drun, fir déi aktuell Legislatioun an dësem Beräich ze iwwerschaffen, fir datt de Mindestofstand vis-à-vis vu bebauten Zone méi grouss gëtt, sou wéi dat elo schonn de Fall an aneren europäesche Länner ass, déi déi geltend Norme méi streng gemaach hunn?
  • Sinn den Här an d’Madame Minister bereet fir den Dialog mat de Bierdener an Ierpeldenger Bierger opzehuelen an eng Rei Froe mat hinnen am Kader vun enger weiderer Informatiounsversammlung ze klären, fir datt Ängschten a Suerge vun der Bevëlkerung am direkte Gespréich kënnen ugesprach ginn?
  • Wa jo, wier dat am spéide Summer oder am fréien Hierscht méiglech?»

 

Mat déiwem Respekt,

                           

 

 

                André BAULER                                           Gusty GRAAS 


André Bauler

Gusty Graas