Sie sind hier

Duebel Gefor op de Lëtzebuerger Séien a Weieren iwwert de Summer

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Tourismus Claude Lamberty Max Hahn

D’’Vakanz doheem’ dreift dëse Summer vill Leit bei déi heemesch Séien a Weiere fir do an der Sonn a beim Waasser e puer flott Momenter ze verbréngen. An obwuel sécherlech d’Verbreede vum Corona Virus an déi néideg Distanzreegelungen dëst Joer en Haaptthema sinn, gëllt et net ze vergiessen, dass och d’Waasser ka geféierlech sinn, an dass reegelméisseg Accidenter passéieren. An dësem Kontext, hunn sech d'DP-Deputéiert, Max Hahn a Claude Lamberty, bei der Inneministesch an dem Minister fir bannenzeg Sécherheet informéiert, wéi d’Gäscht op de Lëtzebuerger Plagen och dëse Summer kënnen an aller Sécherheet profitéieren.

Fro

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden:

« Duerch déi ablécklech Entwécklung vun den Infektiounszuele vum COVID-19 an déi doduerch bedéngte Reesrestriktioune gëtt d‘"Vakanz doheem" fir ëmmer méi Leit eng Realitéit.

Schonn wärend de leschte Wochen a Méint hunn vill Leit hire Wee op d’Baggerweieren oder op de Stauséi fonnt. Eleng iwwert de Päischtweekend solle ronn 7.000 Leit zu Esch/Sauer gewiescht si fir do mat der Famill oder Kolleegen den Dag ze verbréngen.

Allerdéngs héiert een awer och ëmmer nees, dass ronderëm dës ëffentlech zougänglech Séien a Weieren dacks Verbuetsschëlder a Späre verréckelt, zerrappt oder einfach vun de Visiteuren ignoréiert ginn.

Et ass evident, datt d'Net-Respektéiere vun de Consignen a Verbuetsschëlder eng Partie Gefore mat sech bréngen. Wann dës beléifte Plazen nämlech iwwerfëllt sinn, klëmmt net nëmmen de Risiko sech mam Covid-19 unzestiechen, mä och och d'Gefor, déi vum Waasser aus geet.

D'"Deutsche Lebensrettungsgesellschaft" (DLRG) huet an deem Kontext virdrun gewarnt, datt et dës Saison -wéinst der Covid-bedéngter "Vakanz doheem"-  zu méi Akzidenter an ëffentleche Gewässer kënnt. Och d'Base de sauvetage Aquatique‘ huet op den Sécherheetsrisiko opmierksam gemaach.

Eisen Informatiounen no, si säit dem 15.Mee zwar Permanencen en place, allerdéngs ass den Effectif vun dësen Equippen net ganz grouss, an d’Kontrolle sinn och just wärend dem Weekend an iwwert Feierdeeg vu Moies 9:00 bis Owes 19:00 Auer.

An deem Kader wollte mir der Madamm Inneministesch an dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Rettungsasätz goufen et iwwer déi lescht 5 Joren um Stauséi an op de Baggerweieren? Wéi vill Leit sinn am nämmlechten Zäitraum an dësen Gewässer erdronk ?
  • Ass d'Madamm Minister der Meenung, datt den aktuellen Dispositif vun der Base de Sauvetage Aquatique den Ament duer geet ? Kann d'Madamm eis weider Informatiounen iwwer d'Organisatioun vun der Surveillance um a ronderëm d'Waasser ginn?
  • Deelt d'Madamm Minister d'Aschätzung vun der DLRG, datt wéinst den aktuellen Reesrestriktiounen d'Visiteurszuel op den ëffentleche Gewässer klammen wäert?
  • Ass et geplangt fir d’Surveillance um Stauséi an op de Baggerweieren deementspriechend unzepassen ?
  • Ass wärend de Summerméint och eng Surveillance wärend der Woch geplangt? Wann nee, wat schwätzt dogéint?
  • A leschter Zäit geet och ëmmer nees vun "nächtleche Privatpartyen" op deene Sitte Riets. Wäert d'Police hir Kontrollen an nächster Zäit op deene Plaze verstäerken?
  • Gëtt an Erwägung gezunn den Accès fir d’Visiteuren op dës Sitten ab enger bestëmmter Dageszäit ze verbidden? »

 

Mat déiwem Respekt,

Max HAHN                       Claude LAMBERTY
Deputéierten                     Deputéierten


Max Hahn

Claude Lamberty