17/12/2020
Parlamentarische Fragen
Mobilität und Verkehr
Max Hahn
Dem DP-Deputéierte Max Hahn ass zu Ouere komm, dass rezent op der N5 tëscht Dippech a Bartreng Ausmoossaarbechte gemaach gi si fir op där Plaz méiglecherweis eng nei Vëlospist ze schafen. Hien huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, ob dësen dat confirméieren an eventuell weider Detailer ka ginn.