Vous êtes ici

Un recyclage des déchets en plastique plus efficace?

Questions parlementaires Développement durable, nature et environnement Max Hahn

Dans un reportage récent, la ministre de l'Environnement s'est montrée réticente d'accepter plus de sortes de plastique dans le sac bleu de la Valorlux, et a plutôt renvoyé au renforcement des centres de recyclage. Or dans le même reportage, les experts ont clairement favorisé un système de collecte par rapport à un système d'apport au vu de ses avantages en termes de qualité et de coûts. Le député du DP Max Hahn a demandé des explications supplémentaires à la ministre compétente.

Question

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weiderzeleeden:

« An engem rezente Fernseh-Reportage hunn Experten aus dem Secteur vun der Offallgestioun kloer d’Virdeeler vun engem Ofhuelsystem par Rapport zu engem Bréngsystem ënnerstrach.

Net nëmme wier d’Qualitéit vum gesammelte Material méi héich, mee sou e System wier och ekonomesch méi sënnvoll. Donieft erliichtert et de Leit d’Liewen, wann se e groussen Deel vun hirem Plastiksoffall op eng eenzeg Manéier, an dësem Fall an der bloer Tut vu Valorlux, entsuerge kënnen, sou wéi se dat och mam Pabeier a Glas a ville Gemenge maachen.

Am selwechte Reportage huet d’Madamm Ministesch sech allerdéngs éischter retizent gewisen, fir méi Zorte Plastik an der bloer Tut zouzeloossen, an nieft der Vermeidung vun onnéidegem Offall virun allem op den Ausbau vun de Recyclingszentre verwisen.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass (nieft der Vermeidung) de beschte Wee fir eng gutt Offallgestioun doranner läit, de Leit de Recycling sou einfach wéi méiglech ze maachen ?
  • Wann net, ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass e Bréngsystem d’Leit gläichermoosse wéi en Ofhuelsystem dozou incitéiert hiren Offall ze trennen ?
  • Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass an Zukunft landeswäit verstäerkt op e Bréngsystem gesat soll gi fir eng besser Offallgestioun ze realiséieren, grad och a Filière wéi Glas a Pabeier wou haut a ville Gemengen en Ofhuelsystem existéiert ?
  • Wat sinn d’Grënn firwat d’Madamm Ministesch der Meenung ass, dass keng Barquette sollen an déi blo Tut kommen, wärend déi Verantwortlech vu Valorlux kee Problem gesinn ? »

Mat déiwem Respekt,

 

Max HAHN

Deputéierten


Max Hahn

Fichier attachéTaille
Icône PDF 20201023_mhahn_recyclage_plastique_question.pdf268.53 Ko