Vous êtes ici

Cérémonie civile de mariage dans un édifice autre que la maison communale

Questions parlementaires Politique communale Politique sociétale Justice et sécurité Claude Lamberty Max Hahn

Célébrer son mariage civile dans un édifice autre que la maison communale devrait être une possibilité même en dehors du contexte de la pandémie. Les députés Max Hahn et Claude Lamberty ont demandé les ministres responsables à quel point se trouve la réforme des lois à ce sujet, et quelles modifications sont prévues.

Question

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch weiderzeleeden:

„Scho virun der Pandemie war et de Wonsch vu ville Leit, fir hir zivil Hochzäit baussent de Gemengenhaiser ze feieren. Net all Gemeng huet awer déi selwecht Moyenen an änlech feierlech Lokalitéiten. Eng Zeremonie baussent dem Gemengenhaus géing et de Koppelen dofir erlaben, fir sech an engem méi perséinlechen a festleche Kader ze bestueden.

Den Ament sinn zivil Hochzäite baussent der „Gemeng“ net erlaabt. Duerch d’Pandemie huet d‘Gesetz iwwert déi lescht Méint ëmmer erëm mussen ugepasst a verlängert ginn, fir och an deene Gemenge kënnen Hochzäiten ofzehalen, wou d’Lokalitéiten net grouss genuch sinn. D’Pandemie beweist deemno, dass et och anescht geet. D’Fréisenger Gemeng z.B. stellt sech – engem rezenten Zeitungsartikel no – beim Bau vun hirem neie Gemengenhaus dorop an, Hochzäiten an Zukunft just nach am Uespelter Schlass ze feieren.

Am Regierungsaccord steet, dass Gemenge solle beim Ofhale vun ziville Feierlechkeeten ënnerstëtzt ginn, an dass déi relevant Gesetzestexter dofir solle moderniséiert ginn.

An deem Kader wëlle mir der Madamm Inneministesch folgend Froe stellen:

Ass scho mat der Reform vun den entspriechende Gesetzestexter ugefaange ginn?

Wa jo, kann d'Madamm Inneministesch eis Detailer iwwert déi geplangten Ännerunge ginn? Wéini mengt d'Madamm Inneministesch, dass déi Texter kënnen an der Chamber deposéiert ginn?

D’Gesetz huet déi lescht Méint mussen dacks ugepasst ginn, fir de sanitäre Reegelungen an der Covid-Pandemie gerecht ze ginn. Wier et dofir net och am Sënn vun enger administrativer Vereinfachung, fir dat Gesetz elo  esou séier ewéi méiglech der Realitéit vun eiser Gesellschaft unzepassen?

Wier et an dem Kontext sënnvoll de Gemengeresponsabelen, déi sech mat de Lokalitéiten an der Gemeng am beschten auskennen, d'Méiglechkeet ze ginn, gëeegent Plazen, baussen a bannen, festzeleeën?“

Mat déiwem Respekt,                                                                        

Max HAHN                      Claude LAMBERTY

Deputéiert   

 

Réponse de Madame Ministre de l'Intérieur, Taina Bofferding, et Madame la Ministre de Justice, Sam Tanson, oà la question parlementaire n° 2960 des honorables députés Max Hahn et Claude Lamberty au sujet des “mariages civils en dehors de la maison communale”

Wéi déi honorabel Deputéiert et an hirer parlamentarescher Fro ganz richteg ënnersträichen, ass et de kloere Wonsch vun dëser Regierung, d’Gesetzestexter ronderëm d’Ofhale vun zivillen Zeremonien ze moderniséieren an de Gemengen heifir en adaptéierten, a méi flexibele Kader ze schafen, fir esou och de Wënsch vun de BiergerInne kënnen entgéint ze kommen.

Konkret steet dozou am Koalitiounsaccord Folgendes: « Les communes seront soutenues dans l’organisation de cérémonies civiles (entre autres mariages, funérailles). Les législations afférentes seront modernisées. L’ensemble des textes concernant l’inhumation, les sépultures, les cimetières et les funérailles seront revus. Des solutions régionales seront recherchées pour répondre aux différents rites funéraires. ».

Déi Upassungen, déi am Kader vun der COVID-19 Pandemie gemaach goufen, gesinn aktuell vir, dass de Schäfferot d'Méiglechkeet huet, niewent dem Gemengenhaus, zousätzlecht Gemengegebaier fir d’Feiere vun enger ziviller Zeremonie ze bestëmmen. Dës Gebaier sollen engem kommunalen, ëffentlechen Déngscht zougewise sinn an d’Anhale vun de Gesondheetsmoossname garantéieren. Dem Schäfferot seng Délibératioun muss vun der Inneministesch approuvéiert ginn, fir kënnen exekutéiert ze ginn. Déi aktuell Mesure si bis den 31. Dezember 2020 a Kraaft, a kënnen och eng weider Kéier verlängert ginn, falls d’Entwécklung vun der Pandemie dëst verlaangt.

Trotz den Ëmstänn, déi dozou gefouert hunn, dass eng Upassung vun der aktueller Gesetzgebung temporär néideg war, huet dëst eis och erlaabt, d'Ëmsetzung vun de neie Modalitéiten en Vue vun enger permanenter legislativer Upassung z’évaluéieren.

D’Aarbecht fir déi definitiv Reform ass op dëser Basis am Gaang. Déi zukënfteg Modalitéite fir eng Feier vun engem ziville Bestietnes z’organiséieren, wäerte sech gréisstendeels op déi vum aktuellen ofgeännerte Gesetz vum 24. Juni 20201 baséieren, an de Gemengen d’Méiglegkeet ginn, déi gëeegent Plazen ze determinéieren. Dës Plaze wäerten awer enger Rei u Critèren entsprieche mussen, zum Beispill, fir den ëffentlechen Zougang ze garantéieren.

Soubal d’Aarbechten tëschent eisen zwee Ministère prett sinn a no enger Consultatioun vum Syvicol, wäerte mir dësen Text an d’legislativ Prozedur kënne ginn.

 

Max Hahn

Claude Lamberty