Sie sind hier

Nazi-Verglach vum CSV-Europadeputéierte Frank Engel - Wat ass d'Positioun vun der CSV?

Pressemitteilung

Den CSV-President Marc Spautz an de Fraktiounschef an CSV-Spëtzekandidat fir d’Chamberwahlen, Claude Wiseler, mussen sech kloer an däitlech vun den Aussoen distanzéieren, déi den CSV-Europadeputéierte Frank Engel op Facebook gemaach huet.

«Déi aktuell Regirung huet zënter Amtsuntrëtt déi gréisste Purge am ëffentlechen Dingscht zënter der Zivilverwaltung virgeholl - et je pèse mes mots». (01/09/2017)

D’Demokratesch Partei ass schockéiert iwwert dës inakzeptabel Ausso vum Här Engel. Besonnesch well dës Ausso och d’Zoustëmmung vu Leit aus der Parteispëtzt an aus der Fraktioun vun der CSV kritt. Ënnert anerem vun der Vizepresidentin Martine Hansen a vum Deputéierte Léon Gloden, déi dës Erklärung op Facebook «geliked» hunn.

D’DP ass entsat iwwert d’Manéier wéi de Frank Engel hei virgeet: D’Synonymme fir «purge» sinn «épuration, élimination, décimation, extermination, tuerie, purification».

Am Kontext vun der «Zivilverwaltung» vum Naziregimm am
II. Weltkrich steet «purge» ganz kloer fir all déi Grujelegkeeten, déi Nazi-Däitschland ze veräntwerten huet, notamment den Holocaust an dat systematescht Virgoe géint Judden, Homosexueller, Kommunisten, Resistenzler oder Sinti a Roma.

Den Här Engel vergläicht déi demokratesch legitiméiert Lëtzebuerger Regierung deemno mat der Zivilverwaltung vum Naziregimm, well ee benevole Posten un der Spëtzt vun engem Verwaltungsrot mat enger parteipolitesch neutraler Persoun besat ginn ass.

An dat obwuel den Här Engel genee weess, datt déi Nominatioun absolut konform zum Gesetz ass. Esou wéi all aner personell Decisioun vun der Regierung. Konform zu enger Legislatioun, déi och d'Handschrëft vun der CSV dréit.

Aus all deenen Ursaache muss d’CSV sech kloer, däitlech an direkt vun där Ausso vum Här Engel distanzéieren!

D'Demokratesch Partei ass 1955 aus dem Groupement patriotique et démocratique ervirgaangen, e Groupement, an deem sech Resistenzler a rescapéiert Liberaler nom II. Weltkrich zesummegedoen hunn.

Ewéi all Decisioun vun enger Regierung, kënnen a musse personell Decisioune kritesch hannerfrot ginn. Besonnesch och duerch déi parlamentaresch Oppositioun an duerch d’Press.

Eis Virgänger hu sech während der Occupatioun am II. Weltkrich grad fir déi dote Fräiheeten agesat. An zwar ënner grousse Risiken.

D’Demokratesch Partei kann a wäert ni acceptéieren, datt den Nazi-Terror, ënnert deem eist Land esou gelidden huet, an dee vill Lëtzebuerger hiert Liewe kascht huet, op esou eng Manéier verharmloost gëtt.

Am Respekt virun den Affer vum Naziregimm an a grousser Suerg ëm d'politesch Kultur zu Lëtzebuerg, hofft d'DP op eng schnell Kloerstellung a Distanzéierung vun der CSV.