Sie sind hier

Een neie gesetzleche Kader fir d’Dageselteren

Zu Lëtzebuerg ginn et ronn 700 Dageselteren. En Dënschdeg huet d’Chamber ee Gesetz gestëmmt mat deem d’Aktivitéit vun der Assistance parentale an Zukunft méi streng reglementéiert gëtt. Virun allem goufe kloer Qualitéitskritäre festgeluecht, un déi sech d’Dageseltere an Zukunft hale mussen. Den DP-Deputéierte Gilles Baum huet de Gesetzesprojet an der Chamber virgestallt.

De Rapporteur huet virop betount, datt die 2 Forme vun der Kannerbetreiung –  also d’Dageselteren resp. d’Crèchen an d’Maisons Relaisen –  nach ëmmer hir Berechtegung hunn. Alle béid hätte wuel Vir- an Nodeeler an et wier eenzeg an eleng un den Elteren fir z’entscheeden, wat fir hiert Kand am Beschten ass a wou hiert Kand soll versuergt ginn.

D’Sécherheet vum Kand steet op éischter Plaz

Déi verschidde Verbesserungen, déi gestëmmt goufe wäerten dofir suergen, dass d’Elteren hir Kanner an engem méi kannerfrëndlechen a kandgerechtem Ëmfeld kënne versuerge loossen. D’Raimlechkeete goufen zum Beispill méi sécher gemaach. Nieft den obligatoresche Feierläscher, Branddecken, Feiermelder an Éischt-Hëllefs-Këschte muss een och lo Trapen a Fënstere sécheren, fir Accidenter preventiv z’evitéieren. D’Dageselteren mussen och dofir suergen, dass all Kand op mannst 4 Meter Carré Plaz ze gutt huet.

Néi Konditioune fir d’Dageselteren

Mat dësem Gesetz leeë mir och nei Qualitéitskritäre fest, déi d’Prestatairë mussen erfëlle fir een Agrément ze kréien. Déi eng betreffen d’Formatioun a Qualifikatioun vun den Dageselteren, déi aner leeë kloer Kritäre fest fir d’Infrastruktur, an där d’Kanner versuergt ginn“, esou de Gilles Baum.

Et goufen also och néi Konditiounen definéiert, wéi d’Dageselteren hiren Agrément kréien. D’Offer an d’Konzept vun der Prise en Charge mussen elo zum Beispill am viraus definéiert sinn, gewëss Formatiounen a Préformatioune musse gemaach gi sinn an déi Concernéiert musse Formation continue matmaachen.  Des weidere mussen déi Leit eng vun den dräi administrative Sprooche schwätzen.

Al Geneemegunge bleiwe bestoen

Den zoustännege Minister Claude Meisch huet e puer mol betount, datt sech näischt bei de Geneemegungen ännert. „Déi 700 Dageselteren, déi haut een Agrément hun, behalen en!“, esou de Minister an der Chamber. D’Dageselteren, déi also nach net de neie Kritäre vun dësem Qualitéitssprong entspriechen, behalen awer hir Autorisatioun.

 


Ried vum Gilles Baum

 

 


Ried vum Claude Meisch

 

 

 


Gilles Baum

Claude Meisch