Sie sind hier

D'Aarbecht vum nationale Fuerschungszenter fir Archeologie

Parlamentarische Fragen Kultur André Bauler Gusty Graas

De Centre national de recherche archéologique ass de Geschichts- a Kulturfrënn zu Lëtzebuerg e Begrëff. Eis Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn e puer aktuell Zuelen an Detailer zu der Aarbecht vum CNRA bei der Kulturministesch nogefrot. 

Fro:

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Kulturminister weiderzeleeden:

„De Centre national de recherche archéologique (CNRA) bekëmmert sech em den Inventaire, d’Etüd, d’Protektioun an d’Erschléissung vum archeologesche Patrimoine zu Lëtzebuerg. Och wann an der Reegel eng gutt Aarbecht geleescht gëtt, sou kritt een awer munchmol vu betraffene Leit an Institutioune matgedeelt, datt Sitte queesch duerch d’Land awer net ëmmer esou ënnersicht kënne ginn, wéi dat misst de Fall sinn.

Mir wëllen der Madamm Kulturminister dofir folgend Froe stellen:

  • Wéi vill nei Sitte ginn zanter dësem Joer vum CNRA zu Lëtzebuerg ënnersicht?
  • Wat ass dat presuméiert, archeologescht Potential hei am Land?
  • Wéi gesäit d'Zesummenaarbecht vum CNRA mat Privatleit a mat Privatorganisatiounen (ë.a. Geschichtsveräiner) aus?
  • Huet de CNRA genuch Personal a Mëttel fir sengen Aufgaben nozekommen?
  • Gëtt et Informatiounen doriwwer, wéi vill archeologesch Substanz zu Lëtzebuerg zerstéiert gëtt?
  • Wéi reagéieren d’Bauhären an der Reegel dorobber, wann archeologesch interessant Material op hirem Terrain fonnt gëtt, an de CNRA intervenéiert?
  • Kann d’Madamm Minister eis nach matdeelen, wou den Dossier vun engem neien Dépôt central drun ass?“

Mat déiwem Respekt,

André BAULER                      Gusty GRAAS
Deputéierten                           Deputéierten


André Bauler

Gusty Graas

AnhangGröße
PDF Icon 20200821_QP CNRA Bauler-Graas.pdf222.2 KB