Sie sind hier

Covid-Schnelltester fir d'Sportfederatiounen?

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Sport und Freizeit Claude Lamberty Carole Hartmann

Vun europäesche Sportverbänn ginn et Bestriewunge fir Covid-Schnelltester viru Sportkompetitiounen duerchzeféieren. Och den Här Sportminister géif dat ënnert verschiddene Konditioune begréissen. Eis Deputéierte Carole Hartmann a Claude Lamberty hunn den zoustännege Ministeren eng ganz Rei Froe gestallt.

Fro:

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d'Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Sportminister weiderzeleeden :

Am Kader vun den Diskussiounen ëm déi sougenannte Covid-Schnelltester sollen et vun europäesche Sportverbänn Bestriewunge gi fir där Tester ze kafen an se dann un déi national Sportfederatiounen ze verdeelen.

Laut den Aussoe vum Här Sportminister op der Pressekonferenz vum 29. Oktober 2020, géif d'Regierung den Asaz vun deene Schnelltester viru Sportskompetitiounen am Prinzip begréissen, soulaang dem Gesondheetswiesen an de Fleege- an Altersheimer nach genuch där Tester zur Verfügung stinn.

An deem Kader géife mir der d'Madamm Gesondheetsministesch an dem Här Sportminister gäre folgend Froe stellen:

  1. Wéi gesäit et mat de Stocke vun dëse Schnelltester fir Lëtzebuerg aus? Wéi vill Schnelltester goufen am Ganze bestallt?
  2. Kann d'Regierung bestätegen, datt et um Niveau vun de europäesche Sportverbänn Iwwerleeungen an déi Richtung ginn?
  3. Gëtt de Verdeelungsschlëssel fir d'Schnelltester am Sportswiesen elleng den europäesche Sportverbänn an/oder den nationale Federatiounen iwwerlooss, oder schafft d'Regierung un engem eegenem Konzept fir de nationale Sportberäich?
  4. Wa jo, kënnen d'Madamm an den Här Minister eis scho méi Detailer zu deem Konzept ginn? Sinn d'Tester just fir Kontaktsportaarte geduecht? Wäerten déi Schnelltester och am Kanner- a Jugendberäich zum Asaz kommen? Ginn an enger Sportaart iewescht Divisioune par rapport zu ënneschten Divisoune beim Verdeele vu Schnelltester prioriséiert?
  5. Wa nee, wat geschitt mat deene Sportaarte bei deenen den europäesche Verband keng Initiativ ergraff huet? Wier d'Regierung bereet deene Sportaarten déi néideg Schnelltester zur Verfügung ze stellen?
  6. Wien géif déi Tester duerchféieren?
  7. Wien iwwerhëlt d'Käschte vun de Schnelltester an dem Testen?
  8. Ginn et weider Krittäre fir datt esou Tester am Sport kënnen agesat ginn?
  9. Wéini kéinten déi éischt Schnelltester am Sportberäich duerchgefouert ginn? “

Här President, ech bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Claude LAMBERTY             Carole HARTMANN
Deputéierten                        Deputéiert


Claude Lamberty

Carole Hartmann