Vous êtes ici

Une nouvelle piste cyclable le long de la N5?

Questions parlementaires Mobilité et trafic Max Hahn

Il revient à Max Hahn que récemment des travaux de mesurage ont été effectués sur la N5 entre Dippach et Bertrange, pour y créer éventuellement une nouvelle piste cyclable le long de cette route. C'est pourquoi il a voulu connaître plus de détails du ministre compétent.

Question

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

« Et ass mer zu Ouere komm, dass viru kuerzem op der N5 tëscht Dippech a Bartreng Ausmoossaarbechte gemaach gi sinn, fir eng nei Vëlospist op där Plaz ze realiséieren.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Kann den Här Minister dës Informatioune confirméieren ?
  • Wa jo, kann den Här Minister Detailer nennen iwwer dëse Projet ? Wéi wäert den Tracé genee verlafen ?
  • Wäert d’Vëlospist kloer getrennt vun der Strooss verlafen ?
  • Wäert déi nei Vëlospist an déi bestoend Fuerbunn vun der N5 integréiert ginn oder gëtt nieft der aktueller Fuerbunn eng separat Vëlospist gebaut ?
  • Wéini sollen d’Aarbechten ufänken a wéi laang sollen se daueren ?
  • Wier déi nei Vëlospist komplementar zur PC35, déi vun Dippech-Gare duerch de Bësch op Bartreng geet oder gëtt dësen Tracé opginn en Faveur vum Tracé iwwer d’N5 ? »

Mat déiwem Respekt,

Max HAHN
Deputéierten

Äntwert vum Här François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op, d’parlamentaresch Ufro N°3321 vum 16. Dezember 2020 vum honorabelen Deputéierten Max Hahn iwwert eng nei Vëlospist op der N5 tëscht Dippech a Bartreng

Kann den Här Minister dës Informatioune confirméieren?

Des Informatiounen kënne confirméiert ginn, eng ergänzend Bestandsopnam gouf am Kader vun dësem Projet gemaach.

Wa jo, kann den Här Minister Detailer nennen iwwer dëse Projet? Wéi wäert den Tracé genee verlafen?

Den Tracé vun der geplangter Vëlospist verleeft tëschent Dippech an Bartreng nieft der N5.

Wäert d’Vëlospist kloer getrennt vun der Strooss verlafen?

Eng Trennung tëscht dem Vëlo an dem Auto gëtt duerch verschidde Moossname virgesinn, wéi déi vun engem Gréngsträifen a Verbindung mat enger Leitplank an duerch eng optesch Trennung.

Wäert déi nei Vëlospist an déi bestoend Fuerbunn vun der N5 integréiert ginn oder gëtt nieft der aktueller Fuerbunn eng separat Vëlospist gebaut?

D’Vëlospist gëtt nieft d’Strooss gebaut. En Deel vun der N5 gëtt awer fir den Bau vun der Vëlospist benotzt.

Wéini sollen d’Aarbechten ufänken a wéi laang sollen se daueren?

Den Ufank vum Chantier ass vir Enn 2023 programméiert an d’Dauer vun den Aarbechte beleeft sech viraussiichtlech op e Joer.

Wier déi nei Vëlospist komplementar zur PC35, déi vun Dippech-Gare duerch de Bësch op Bartreng geet oder gëtt dësen Tracé opginn en Faveur vum Tracé iwwer d’N5?

Déi nei Vëlospist wier komplementar an erlaabt dem Vëlosfuerer iwwert den direkte Wee an d‘Stad respektiv aus der Stad Richtung Käerjeng ze kommen.


Max Hahn