Vous êtes ici

Quel est le bilan des efforts pour réduire la pollution lumineuse?

Questions parlementaires Développement durable, nature et environnement Max Hahn Gusty Graas

Il y a deux ans, le ministère de l'Environnement a publié un guide pour aider notamment les communes à réduire la pollution lumineuse. Les députés du DP Max Hahn et Gusty Graas ont voulu savoir de la ministre compétente quel en est le bilan jusqu'à présent.

Question

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

« D’Madamm Ministesch huet den 28. Juni 2018 de Guide « Leitfaden ‘Gutes Licht’ im Außenraum » virgestallt fir d’Liichtverschmotzung zu Lëtzebuerg ze reduzéieren an notamment d’Gemengen, dobäi z’ënnerstëtzen.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen :

- Wéi bewäert d’Madamm Ministesch den Impakt vum Guide um Terrain ?

- Wéi vill Projeten huet den Ëmweltministère zënter der Publikatioun bis lo an deem Beräich ënnerstëtzt ?

- Gëtt et ee Conseiller am Ëmweltministère deen Interessenten, z.B. d’Gemengen, mee och Firmen an Individuen, bei hire Projete fir d’pollution lumineuse ze reduzéiere berode kann ?

- Ass, no der Etüd vun 2016, eng weider Etüd zur Liichtverschmotzung zu Lëtzebuerg geplangt fir d’Evolutioun vun der Liichtverschmotzung kënnen ze bewäerten ? Wa jo, fir wéini wier dës ugesat ? Fir wéini kéint mat Resultater gerechent ginn ?

- Wéi eng Initiative gëtt et vu Säite vum Staat fir déi eege Beliichtunge bei staatlechen Infrastrukture méi ëmweltfrëndlech ze gestalten ? Kann den Här Minister e Bilan vun de Projeten an där Hisiicht wärend de leschte fënnef Joer maachen ?

- Wéi eng Projete si fir d’Zukunft geplangt ?

- Ginn et eventuell Pilotprojete fir speziell Technologien ze testen, z.B. Luuchten, déi bei enger Beweegung uginn a fir de Recht hir Intensitéit eroffueren ? Wann net, sinn esou Projete geplangt ? »

Mat déiwem Respekt,

Max HAHN a Gusty GRAAS
Deputéiert

Gemeinsam Äntwert vun dem Här Energieminister, der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op d’parlamentaresch Fro n°3246 vum 3. Dezember 2020 vun den éirewäerten Deputéierten Här Max Hahn an Här Gusty Graas iwwert “Pollution lumineuse”

Wéi bewäert d’Madamm Ministesch den Impakt vum Guide um Terrain?

De Guide ass ee Leitfaden, deen eng Rei Recommandatioune fir ee besseren Asaz an a bestëmmte Fäll souguer d‘Vermeidung vun der Aussebeliichtung liwwert an d’Zil verfollëgt op eng Reduktioun an d‘Vermeidung vun der Liichtverschmotzung zum Schutz vun der Natur an der Ëmwelt hin ze sensibiliséieren. Vu de kuerzen Zäitraum säit der Publikatioun vum Leitfaden am Joer 2018 ass eng Aschätzung vum Impakt vum Guide um Terrain nëmme schwéier méiglech. Et ass awer dovunner auszegoen, datt sech d’Impakter vum Leitfaden bis elo virun allem op regionalem a lokalem Niveau konzentréiert hunn, dat zum Beispill och bei Projeten, déi bei der Ëmsetzung d’Prinzipien vum Leitfaden als Basis huelen respektiv geholl hunn. Ech erlabe mir hei och op d’Äntwert op déi zweet Fro ze verweisen.

Desweideren applizéiert de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung (MECDD) de Grondprinzip vum Leitfaden a sengen Naturschutzgeneemegungen, nämlech eng Aussebeliichtung an der Gréngzon nëmmen op deene Plazen ze autoriséieren, wou se och absolut noutwendeg ass, zum Beispill bei landwirtschaftleche Betriber oder bei Verbindungsweeër zum ëffentlechen Transport. Dës Geneemegunge sinn dann mat Krittäre conditionnéiert, déi d’Aussebeliichtung vun Infrastrukturen an d‘Beliichtung op dëse Plazen reegele, wéi zum Beispill den Zäitraum vun der Beliichtung, d’Faarwtemperatur an d’Ausriichtung vun der Beliichtung. Dëst huet deemno een direkten an positiven Impakt op de Landschafts- an Naturschutz.

Wéi vill Projeten huet den Ëmweltministère zënter der Publikatioun bis lo an deem Beräich ënnerstëtzt?

Säit 2018 si siwe Pilotprojeten déi d‘Thematik vun der Liichtverschmotzung behandelen vum MECDD iwwert den Ëmweltschutzfong ënnerstëtzt ginn. Et gouf ee Gesamtmontant vu ronn 700.000€ an deem Kader ausbezuelt.

Nieft dësen Aide sinn awer och d’Aiden opzelëschten, déi fir Gemenge säit 2014 am Kader vum Ëmweltschutzfong fir d’Oprëschtung vun hirer ëffentlecher Beliichtung op LED (Stroossen an Weeër) kënnen accordéiert ginn. Och bei dësen Aide gëtt op d’Anhale vun Krittäre gekuckt, déi zu enger Reduktioun vun der Liichtverschmotzung bäidroen, wéi z.B. d’Minimiséierung vun de Liichtemissiounen an déi iewescht Hemisphär. Den MECDD accordéiert op reegelméisseger Basis Aiden fir dës Zort Projeten.

De Koalitiounsaccord 2018-2023 gesäit och vir, den Interventiounsberäich vum Ëmweltschutzfong fir exemplaresch Projeten, déi mat de Prinzipie vum Guide fir eng gudd Aussebeliichtung alignéiert sinn, ze adaptéieren.

Gëtt et ee Conseiller am Ëmweltministère deen Interessenten, z.B. d’Gemengen, mee och Firmen an Individuen, bei hire Projete fir d’pollution lumineuse ze reduzéiere berode kann?

Den Energieministère an den MECDD sti bei Informatiounsufroen zur Verfügung, sief dat vu Gemengen, Entreprisen, Bierger oder eventuell nach aneren Akteuren.

Doriwwer eraus bitt den Naturpakt kloer Ureizer, fir datt d’Gemengen am Beräich Liichtverschmotzung méi aktiv ginn. Am Kader vum Naturpakt wäert den Naturpakt-Beroder d’Gemengen drop hiweisen, datt se fir de Volet Reduktioun vun der Liichtverschmotzung kënne Punkte sammelen. Dëse Beroder wäert awer net ëmmer spezialiséiert genuch sinn fir d’Ëmsetzung vun de Moossnamen um Terrain an deem Beräich ze plangen. Dobäi kënne Gemengen dann och op extern Expertise an deem Beräich zréckgräifen.

Den MECDD bedeelegt sech iwwert den Ëmweltschutzfong mat 50% um Finanzement vun engem onofhängege Liichtberoder iwwert eng 3-jähreg Pilotphase bis inklusiv 2021, dee fir d‘Membergemengen vum Naturpark Our an den Entreprisen a Privatleit aus där Regioun, als Uspriechpartner zur Verfügung steet an se an hire weideren Démarchen a Projete berode kann.

Ass, no der Etüd vun 2016, eng weider Etüd zur Liichtverschmotzung zu Lëtzebuerg geplangt fir d’Evolutioun vun der Liichtverschmotzung kënnen ze bewäerten? Wa jo, fir wéini wier dës ugesat? Fir wéini kéint mat Resultater gerechent ginn?

Fir de Moment ass keng weider Etüd zur Liichtverschmotzung zu Lëtzebuerg virgesinn.

Wéi eng Initiative gëtt et vu Säite vum Staat fir déi eege Beliichtunge bei staatlechen Infrastrukture méi ëmweltfrëndlech ze gestalten? Kann den Här Minister e Bilan vun de Projeten an där Hisiicht wärend de leschte fënnef Joer maachen?

Nieft der Energieeffizienz vun de Luuchten, ass bei de Projeten vun der Bauteverwaltung d’Vermeidung vun onnëtzer Liichtverschmotzung am Bausseraum zanter e puer Joer ee wichtegt Zil.

An deem Kontext gëtt jeeweils fir all neie Projet a fir all Erneierung vu Baussebeliichtungen ee Konzept ausgeschafft, bei deem d’Beliichtungsstäerkt an all Beräich am Bausseraum vun de Gebaier engem Minimum entsprécht, deen duerch international Normen fir d’Persounesëcherheet gefrot ass.

Zousätzlech gëtt d‘Gewiicht dorop geluecht, datt d’Beliichtung konsequent no ënne geriicht ass an net no uewen ofstraalt, virun allem bei Gebaibeliichtungen. Ausserdeem gëtt och eng méiglechst waarm Liichtfaarw ugestrieft.

Beispiller vu Projeten, wou dës Strategie ëmgesat gouf, sinn d’Alentoure vum Lycée Edward Steichen zu Klierf, souwéi vun der Nationalbibliothéik um Kierchbierg, bei där och d’Beliichtung vun der Fassad op méiglechst geréng Liichtverschmotzung optiméiert ass.

Als Erneierung vu bestoender Beliichtung ass rezent de Bausseberäich vum Hôtel Saint-Maximin an der Stad souwéi de Parvis vum Athénée z’ernimmen.

Wéi eng Projete si fir d’Zukunft geplangt ?

Als Beispill vun neie Projeten stinn d’Baussebeliichtungen vum Lycée agricole zu Gilsdrëf, dem CIPA zu Käerjeng an dem Centre pénitentiaire um Uerschterhaff um Programm. Des weideren ass d’Erneierung vun den Beliichtungen vum Campus Geesseknäppchen a vum Park Schlass Sennëng virgesinn.

Ginn et eventuell Pilotprojete fir speziell Technologien ze testen, z.B. Luuchten, déi bei enger Beweegung uginn a fir de Recht hir Intensitéit eroffueren? Wann net, sinn esou Projete geplangt?

An alle Gemenge vum Naturpark Our, sou wei och bei villen anere Gemengen hei am Land sinn déi nei Stroosseluuchten mat LED-Technologie esou programméiert, dass se hier Intensitéit an domadder och hier elektresch Leeschtung wärend de Randstonnen eroffueren.

Bewegungsgesteiert Luuchten an der ëffentlecher Beliichtung sinn technesch eréischt sënnvoll méiglech säit der Aféierung vun der LED-Technik. Et gëtt bei eis am Land mëttlerweil eng Rei interessant Pilotprojete, wou Erfarungen gesammelt ginn, wat net nëmmen ekonomesch an ekologesch méiglech ass, ma awer och de Faktor Mënsch a seng Bedürfnisser respektéiert.

Fir e puer där Installatiounen ze nennen:

Gemeng Biekerech – Duerf Liewel, Stroossebeliichtung;

Gemeng Wolz – Salzbaach, Busarrêten;

Gemeng Dippech, een Spadséierwee;

Gemeng Rammerech - Duerf Hueschtert, Stroosseluuchten ouni Stroumuschloss, gespeist duerch Photovoltaikpanneauen an eenzel gesteiert mat Bewegungsmelder.

Am Naturpark Our ass fir dat éischt Trimester 2021 virgesinn, an der Gemeng Veianen op ronn 250 Meter tëscht der Cité Scheierhaff an engem Bauerenhaff eng bewegungsgesteiert Stroossebeliichtung mat 10 Liichtpunkten ze realiséieren.

Eng zweet interessant Technologie ass déi vun insektefrëndleche Stroosseluuchten, déi säit Dezember 2020 am Naturpark Our op der Gemeng Pëtschent op d’Biergerakzeptanz getest gëtt. Déi Luuchten hunn ee spezielle Liichtspektrum mat begrenztem Bloundeel, deen de Gros vun den Insekten net méi unzitt.

En drëtten technologeschen Usaz gëtt och am Naturpark Our ëmgesat, fir den Impakt vun Ustralungen mat architekturellem Hannergrond op d’Liichtverschmotzung drastesch erofzesetzen. Hei kann ee mat aktuellster LED- a Gobo-Technik de Liichtstroum, dee laanscht de beliichten Objet geet, op ee Maximum vun ongeféier 2-3 Prozent begrenzen, fréier woren dat em 50%. Éischt Pilotprojete ginn hei ëmgesat an der Gemeng Wëntger, fir d’Kierch zu Tratten, souwéi och an der Gemeng Klierf.

Bei der Bauteverwaltung gëtt eng dynamisch Beliichtungssteierung je no Frequentatioun generell op den eenzelne Siten individuell analyséiert an dann no Méiglechkeet ëmgesat.

 


Max Hahn

Gusty Graas