Vous êtes ici

Des problèmes avec les autorisations environnementales concernant des dépôts dans lesquels des copeaux de bois sont produits et stockés ?

Questions parlementaires Politique communale Développement durable, nature et environnement Claude Lamberty Max Hahn

Question, 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weiderzeleeden:

„ Am Kontext vun den EU-Klimaziler 2030, hunn d‘Notzung vun erneierbaren Energiequellen, d‘Energieeffizienz an d‘Energieaspuerung déi lëscht Jore staark zougeholl. A verschiddene Géigende vum Land – an deenen d’Bëschbestänn et erlaben – gëtt d’Holz schonn zanter längerem als wichteg Energiequell ugesinn. Deementspriechend hunn eng Partie Gemengen an de leschte Joren Hackschnëtzelanlagen uechtert d'Land installéiert, an deenen d’Holz aus der direkter Ëmgéigend als Energiequell fir d'Hëtze vun ëffentleche Gebaier gebraucht gëtt. An deem Kontext ass eis zougedroe ginn, dass et deslescht bei verschiddenen Depoten – an deenen Hackschnëtzel produzéiert a gelagert gëtt –  Problemer mat Ëmweltgeneemegunge gouf.

An deem Kader wollte mir der Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Gesäit den Ëmweltministère d‘Hackschnëtzelanlage weider als sënnvoll un?
  • Ass d’Madamm Minister der Meenung, dass Gemenge mat entspriechenden Holzbestänn an Zukunft solle verstäerkt op Hackschnëtzelanlagen zeréckgräifen, fir ëffentlech Gebaier ze hëtzen?
  • Wéi vill ëffentlech Hackschnëtzel-Projete sinn zanter dem neien Naturschutzgesetz ëmgesat ginn?
  • Huet d‘Madamm Minister konkret Informatiounen iwwert d‘Impakter vun Hackschnëtzelanlagen op d’Natur, d’Landschaft an d’Liewensqualitéit hei am Land?
  • Erlaabt d'Naturschutzgesetz de Bau vun engem Depot an enger ‚Zone verte‘, an deem Hackschnëtzel produzéiert a gelagert gëtt?
  • Wann net, spillt dann d‘Ausnam vun der ‚Utilité publique‘, wann d’Gemeng de Bauhär vun esou engem Depot ass?
  • Kann eng Gemeng beim Bau vun enger Hackschnëtzelanlag vu staatleche Subventioune profitéieren? Wa jo, vu wéi enge genee?
  • Gëtt et Alternativen zu enger Hackschnëtzelanlag, fir ëffentlech Gebaier ze hëtzen, déi vum Ëmweltministère ënnerstëtzt ginn? “

 

Mat déiwem Respekt.

 

                    Max HAHN                       Claude LAMBERTY

                   Deputéierten                            Deputéierten


Max Hahn

Claude Lamberty

Fichier attachéTaille
Icône PDF 20210106_mhahn_clamberty_hackschnëtzelanlag.pdf174.02 Ko