Sie sind hier

Kevin Schoos

De Kevin Schoos huet 22 Joer an ass säit Mäerz 2016 an der Dippecher DP-Sektioun.

 

Hien ass an enger glécklecher Bezéiung a studéiert Politikwëssenschaften a Geschicht zu Treier. Vir sech méi intensiv a méi flexibel an der Demokratescher Partei anzebréngen, wunnt hie säit 2017 erëm zu Sprénkeng a pendelt zënterhier ob d\'Uni. Aktuell bereet hien sech ob seng Bachelor-Aarbecht vir.

A senger Fräizäit reest de Kevin gär a vill duerch Europa. Hee liest gär an ass ëmmer iwwer d Aktualitéit am Bild.

 

De Kevin engagéiert sech an der Demokratescher Partei, well hien iwwerzeegt ass, dass déi individuell Fräiheet vun all eenzelem vun Eis dat héchst Gutt ass, dat mir hunn.

Entscheedunge sollten dofir net duerch Zwang oder Verbuet duerchgesat zustane kommen, mee duerch Informatioun a Motivatioun.