Sie sind hier

Kevin De Oliveira

Steierbeamten
Antidopping-Agent
25 Joer, Dippech-Gare

 

De Kevin De Oliveira huet 25 Joer a wunnt zu Dippech-Gare.

Hien huet eng Commerce-Sektioun am ECG ofgeschloss a schafft haut als Steierbeamten.

 

De Kevin huet eng grouss Passioun: säi Motorrad. Motorrad fuere bedeit fir hien eng Fräiheet, déi hie soss néierens kritt. Hie reest gär an ass ëmmer op de Sich no neie Bekanntschaften.

A senger Fräizäit geet hien an de Kino a verbréngt Zäit mat Frënn a Famill. Wann hien ofschalte well, geet hie schwammen oder an de Fitness. Nieft senger Aarbecht an der Steierverwaltung ass de Kevin och als Agent bei der Agence Luxembourgeoise Antidopage (ALAD).

 

De Kevin huet sech schonn a senger Schoulzäit als Klassendelegéierte fir d’Verstännegung tëscht Proffen a Schüler agesat.

An der Demokratescher Partei setzt hie sech och weider dofir an, dass en ugereegten Dialog ënnert de Bierger a mat politesche Mandatairen ugereegt gëtt, well nëmmen duerch e staarken Zesummenhalt och an Zukunft eng héich Liewensqualitéit fir d\'Matbierger vun der Gemeng ka garantéiert ginn.