Sie sind hier

Fir méi Gerechtegkeet, Selektivitéit, Nohaltegkeet a Kompetitivitéit

De Finanzminister Pierre Gramegna huet a senger Ried nach eng Kéier ënnerstrach wat dës Steierreform alles mat sech bréngt: Däitlech méi Gerechtegkeet, Selektivitéit, Nohaltegkeet a Kompetitivitéit.

Eng transparent Aart a Weis

Och d’Iddi vun der Transparenz war dem Pierre Gramegna vun Ufank un wichteg. D’Steierverwaltung huet an dem Kontext zesumme mam Finanzministère eng ganz Réi Informatiounsversammlungen zu der Steierreform organiséiert. Ënnert der Initiativ Steierreform konkret. konnt een sech am September queesch duerch d’Land, tête-à-tête mam Finanzminister an den Experte vun der Steierverwaltung iwwer déi ënnerschiddlech Mesuren ënnerhalen, an sech se a Rou erkläre loossen. D'Rechemaschinn op der Internetsäit vun der Steierreform war ee weideren Outil, deen d’Léit konnten notze fir sech ausrechnen ze loossen, wat d’Adaptatioun vum Barème an d’Upassung vun de Steierkreditter fir si an Zukunft konkret bedeiten. Et ass am grousse Ganzen drëm gaangen de Leit, op eng transparent Aart a Weis, d’Steierreform méi no ze bréngen.

Nohaltegkeet vun den ëffentleche Finanzen

De Pierre Gramegna ass och besonnesch op d’Nohaltegkeet vun den ëffentleche Finanzen agaangen, déi mat dëser Steierreform net aus dem Gläichgewiicht kommen. Duerch déi virsiichteg Budgetspolitik vun dëser Regierung, gouf sech nämlech den néidege Sputt geschaaft fir esou eng ëmfaassend Steierreform ëmzesetzen. Sécherlech dréit och déi gutt Konjunktur hiren Deel dozou bäi.

Datt mir eis dës Steierreform leeschte kenne seet awer net nëmmen d’Regierung. Och de Fonds monétaire international huet sech mat der Steierreform ausernee gesat a gesot : „the proposed tax cut are broadly affordable“. Dat nämmlecht gëllt iwwregens och fir d’Europäesch Kommissioun, déi d’Länner esou guer dozou encouragéiert huet weider Investissementer ze maachen.

De Finanzminister Pierre Gramegna sot ofschléissend:

„Dës Reform ass responsabel, si kennt am richtege Moment, si stäerkt d’Vertrauen, si ass gutt fir d’Léit, si ass gutt fir d’Entreprisen, si ass excellent fir d’Lëtzebuerger Land.“

 

view video on chd.lu


Ried vum Finanzminister Pierre Gramegna

 


Pierre Gramegna