Sie sind hier

E grousse Liberalen huet eis verlooss

Pressemitteilung

D’DP vernäipt sech virum Marcel Mart1927 (*) - 2019 (†)

Am Alter vun 92 Joer ass de Marcel Mart gestuerwen. Domadder verléiere Lëtzebuerg an d’DP eng grouss Perséinlechkeet, déi d’Geschécker vum Land wärend laange Jore mat markéiert a gestallt huet.

De Marcel Mart bleift eis virun allem an Erënnerung als dynameschen, charismateschen a fortschrëttleche Minister vun der DP-LSAP-Regierung Thorn/Vouel, déi d’Land vun 1974-1979 duerch eng schwéier Zäit gefouert huet.

De Marcel Mart ass bis un d’Enn vu sengem Liewen en oppenen a virun allem interesséierte Mënsch bliwwen, dee sech ganz vill fir déi jonk Leit begeeschtert huet.

Mat sengem Charisma a sengem politeschen Talent huet de Marcel Mart d’DP wärend laanger Zäit gepräägt an dynamiséiert.

„De Marcel Mart ze begéinen, huet mäin Dag allkéiers beräichert. Als Kand schonn hunn ech hie bewonnert. Als Politikerin huet de Marcel mech inspiréiert“. 
Corinne Cahen, DP-Presidentin

Wärend der Stol- a Pëtrolskris an de 70er Joren, war de gebiertegen Escher mat an der éischter Rei, fir Lëtzebuerg duerch eng ganz Rei couragéiert Mesuren op de Wee aus der Kris erauszeféieren.

Net ze vergiessen, déi gesellschaftspolitesch Reformen, déi Blo-Rout déi fënnef Joer iwwer decidéiert huet: D’Ofschafe vun der Doudesstrof, d’Depenaliséierung vum Avortement an d’Reform vum Scheedungsgesetz, fir nëmmen déi ze nennen.

De forméierte Jurist war och Member vun der CSV-DP-Regierung Werner/Schaus II (1969-1974). Hie war Minister vun der Wirtschaft, dem Mëttelstand an dem Tourismus, der Energie an dem Transport. An der DP-LSAP-Regierung war hien Energieminister vun 1974 bis 1977.

„Ech erënnere mech dorunner, wéi de Marcel nach mat 90 Joer op en DP-Kongress komm ass an do mat enger Standing ovation begréisst ginn ass. Dat weist den Estime, deen d’Partei fir hien hat.“ 
Corinne Cahen, DP-Presidentin

De Marcel Mart huet eng aussergewéinlech Carrière opweises.

Vun 1960 bis 1966 ass hie Porte-Parole adjoint vun der CECA.

Vun 1966 bis 1969 schafft de Marcel Mart als Direkter vum Informatiounsbüro vun der CECA zu New York.

1969 gëtt hien de Chef vum CECA-Departement fir d’Relatioune mat den Drëttlänner.

No senger Zäit als Regierungsmember gëtt de Verstuerwenen 1977 Member vum europäesche Rechnungshaff, deen hie vun 1984 bis 1989 presidéiert.

De Marcel Mart war ë.a. Hofmarschall a President vun der Verwaltung vun de Biensë vum groussherzoglechen Haff, President vun der Banque Générale a vun der FIL.

D’Demokratesch Partei ass dem Marcel Mart zu Dank verflicht an éiert de Verstuerwenen an engem héije Mooss.

„Ech denken an dëse schwéieren Amenter besonnesch un dem Marcel seng Fra Liette, u seng Kanner a Kandskanner an un déi ganz Famill.“ 
Corinne Cahen, DP-Presidentin