Vous êtes ici

Wäibau: Méi Qualitéit, manner Quantitéit!

Actualités Agriculture et viticulture Gilles Baum Gusty Graas

Am Kader vun enger Interpellatioun iwwert de Lëtzebuerger Wäibau hunn d’Deputéierte Gusty Graas a Gilles Baum sech Gedanke gemat iwwert d’Zukunft vum Lëtzebuerger Wäibau!

Agrargesetz setzt Akzenter fir dem Wäibau ze hëllefen

Während senger Interventioun an der Chamber ass de President vun der Agrarkommissioun nach emol op d’Konsequenze vum Agrargesetz op de Wäibau agaangen an huet och dorunner erënnert, datt besonnesch gekuckt gouf, datt d’Jongwënzer ënnerstëtzt gi wann si e Betrib iwwerhuelen. „Ech géif och virschloen no engem Joer e Bilan ze zéien, fir ze kucke wéi déi nei Mesurë vum Agrargesetz sech op de Wäibau ausgewierkt hunn“, sou de Gusty Graas.

Am Biowäin stécht nach vill Potenzial

D’Wënzer sinn och all Joer erëm ofhängeg vum Wieder. Wiederexperte warnen, dass och an Zukunft ëmmer méi oft Periode komme wou et ganz staark wäert reenen. Dofir muss een och kucken, ob een net verstäerkt soll op Zorten ëmklammen, déi méi wieder- a krankheetsresitenz sinn. „Dat huet natierlech e gewësse Präis an et mussen een och dobäi oppassen, datt de Konsument déi Cepagen och acceptéiert!“ huet de Gusty Graas gewarnt! Zum Schluss huet de Gusty Graas dorobber opmierksam gemat, datt et am Bio-Wäibau nach vill Potential gëtt, deen net ausgeschöpft ass. Hien huet och bedauert, datt op EU-Niveau dem Wäibau net genuch Opmierksamkeet geschenkt gëtt.

Den Ost-Deputéierte Gilles Baum huet dorobber higewisen datt de Wäibau zu Lëtzebuerg net nëmmen e wichtegen ekonomesche Pilier ass, mä och kulturell eng Bedeitung fir eist Land huet. „E gudde Lëtzebuerger Pättche gehéiert zu eiser Kichen, zu eise Fester, jo et kéint een och soen et ass en Deel vun eiser Lëtzebuerger Kultur“, sot hien an der Chamber.

view video on chd.lu


Ried vum Gusty Graas

 

Manner Quantitéit a méi Qualitéit!

Manner Quantitéit a méi Qualitéit! Dat ass de Schlëssel fir eng erfollegräich Zukunft vun eisem Wäibau. Well géint d’Konkurrenz mat Bëllegwäiner aus dem Ausland kënne mir eis net wieren. Dofir musse mir de Konsument dorop opmierksam maachen, datt e Wënzer muss e faire Präis fir säi Produkt kréien an datt ee fir e puer Euro méi hei zu Lëtzebuerg e ganz gudde Wäin ze kafe kritt“, esou de Gilles Baum.

D’Wënzer waarden ongedëlleg op d’Resultater vun der Etude

Am Kader vun der Interpellatioun huet de Gilles Baum eng Motioun deposéiert, déi d’Regierung opfuerdert esou séier wéi méiglech d’Etude iwwert de Lëtzebuerg Wäibau ofzeschléissen an déi néideg Conclusioun dorausser ze schléissen : „Eis Wënzer waarden op d’Resultater vun dëser Etude. Se wëlle gäre wëssen, wéi et weidergeet, wéi d’Strategie vun der Regierung wäert si fir de Lëtzebuerger Wäibau ze vermaarten! An da mussen awer och déi néideg Moyen deblockéiert gi fir déi Promotioun ëmzesetzen! Et ass méi wéi jee wichteg nei Clienten ze fannen fir eise gudde Wäin. Am Ausland, mä och heiheem!

Manner administrativ Hürden fir méi kënnen an der Natur ze schaffen

Zum Schluss ass den Ost-Deputéierten nach op déi vill administrativen Hürden agaangen, déi de Wënzer d’Liewe schwéier maachen. Niewent de villen Oplage vu Bréissel, dierfen si säit kuerzem och net méi d’Holz vum Riefschnëtt verbrennen. Doniewent gëtt elo och vun hinne verlaangt, datt wa si Mar an d’Biogasanlag féieren, si eng Autorisatioun mussen ufroen. „Ech verstinn d’Wënzer, datt si dofir kee Versteesdemech hunn“, sot de Gilles Baum zu dëse Mesuren.

view video on chd.lu


Ried vum Gilles Baum

 

Déi richteg Marketingstrategie ëmsetzen

Zum Schluss vun der Interpellatioun, huet de Wäibauminsiter Fernand Etgen dorobber higewisen, datt an engem vun den aarbechtsintensivste Secteur vun eiser Landwirtschaft qualitativ héichwäerteg Produiten hiergestallt ginn. No der Etude, un där déi dräi grouss Beruffsorganisatioune matgeschafft hunn gëllt et déi richteg Marketingstrategie kënnen ëmzesetzen an domadder d’Rentabilitéit vun eise Wéngertsflächen ze garantéieren!

Wënzerbetriber ekonomesch stäerken!

Dat neit Agrargesetz leet ganz vill wäert op d’Fërderung vun der direkter Vermaartung, wou et substantiell Hëllef gi fir a Schmaachstuffen ze investéieren. „Dës Struktur sinn e groussen Erfolleg a si wichteg fir den Oeno-Tourismus op der Musel weider ze entwéckelen!“  Duerch de „Carry back – Carry forward“-System wäerten d’Wënzer kënne gutt Jore mat schlecht kompenséieren. Doniewent ass och ass den Undeel fir d’Participatioun un der Hagel- a Fraschtschutzversécherung vu 50 op 65% eropgesat ginn. Och de Subside fir d’biologesch Bekämpfung vum Traubenwickler ass substanziell gehéicht ginn. „Dëst sinn alles gezillte Moossnamen, déi dem Wënzerbetrib hëllefen, déi ekonomesch, sozial an ökologesch Erausfuerderunge vun der haiteger Zäit ze bewältegen“, sou de Minister Fernand Etgen.

view video on chd.lu


Ried vum Wäibauminsiter Fernand Etgen

 


Gilles Baum

Gusty Graas

Fernand Etgen