Vous êtes ici

Vereedegung vum DP Deputéierte Claude Lamberty

Actualités Claude Lamberty

„Ech freeë mech drop fir an Zukunft kenne d‘Politik hei am Parlament mat ze bestëmmen a mat ze hëllefen, dass et d‘Bierger sinn, déi e konkreten Notzen hunn vun den Decisiounen, déi d‘Chamber hellt”, esou den Claude Lamberty den Mëtteg an senger Untrëttsried an der Chamber.

Mat sengen 39 Joer huet den Claude Lamberty eng laang Erfahrung an der Politik. Virun 20 Joer schonn huet hien sech an der JDL engagéiert, wou hien och 4 Joer laang d'Presidence hat.  Zenter 2008 ass hien ausserdeem an senger Heemechtgemeng Hesper am Gemengerot vertrueden.

Als neien Deputéierte wäert ech meng Erfahrung aus de leschte Joeren do asetze wou ech Erausfuerderungen a gläichzäiteg grouss Zukunftschance fir eist Land gesinn. Ech well mech als Deputéierte fir eng Politik asetzen, déi Schratt hält mat der Gesellschaft an hier net 3 Schrëtt hannendrun leeft.

Fir den Zentrumsdeputéierten ass et wichteg dat all déi verschidde Familljemodeller, déi et ginn, déi néideg Ënnerstëtzung vun der Politik kréien, fir datt jidderee säi Liewen esou ka gestalten, wéi en dat wëllt.

Ech wäert mäin Engagement ganz kloer doru koppelen, d’Kanner - hier Betreiung an Ausbildung - als dat wichtegst unzegesinn, wat d’Gesellschaft zu Lëtzebuerg fir hier eegen Zukunft ze garantéieren huet. An dozou gehéieren ebe grad déi beschtméiglechst Startchancen a Perspektive fir all Kand”:

De Claude Lamberty deen vu Formatioun Enseignant ass, wäert sech dofir asetzen datt d’Schoule weider gestäerkt ginn a méi Autonomie kréien. „Ech hunn et jorelaang selwer dagdeeglech an engem grousse Stater Lycée erlieft – et ass net all Schüler d‘selwecht. Dofir setzen ech mech och an dass et méi Modeller ginn, an net just 1 Schabloun an déi all Schüler muss passen, a wann een dat net mécht hat e Pech.

Derniewent wäert den Claude Lamberty awer och eng Hand mat upake fir dat jonk Leit sech hei am Land Wunnraum kënne leeschten, an sech net mussen déisäits der Musel no Wunnméiglechkeeten ëmkucken.

Ee grousse Stellewäert huet am jonken DP Deputéierte sengen Aen awer och den Benevolat. Als President vun der Tennisfederatioun weess hie vu wat en schwätzt.

Ech kann Iech versprieche meng Energie heibannen doropper ze sëtzen, dass Léisunge fonnt ginn op all dës grouss Erausfuerderungen. Ech wäert mäin Deel dozou bäidroen, dass eis Gesellschaft zu Lëtzebuerg sou opgestallt gëtt, dass all Mënsch - egal wéi e Liewenswee e wëll goen de Choix huet a sech kann erëmfannen. Dat mécht eng fräi, modern an zukunftsorientéiert Gesellschaft aus”.

Weider Informatiounen

Untrëttsried vum Claude Lamberty [méi...]

Claude Lamberty