Vous êtes ici

Selbstbewosst mat eiser Sprooch ëmgoen

Actualités Education Claude Meisch

Mir schwätze mol nees iwwert eis Sprooch. Oder misst ech als Déifferdenger net soen „Mär schwätzen“? Oder sinn ech éieren en Déifferdanger? Ëmmer dann, wa mir eis Gedanken iwwer eis Sprooch man, froe mir eis och, wie mir sinn? Wat eis auszeechent? A wéi mir kënne sécherstellen, datt eis Kultur, eis Sprooch an eis Wäerter och muer nach Bestand hunn.

Mir sollen iwwert eis Sprooch schwätzen. Mee ouni Angscht an ouni Mannerwäertegkeetsgefiller. Mir sollen eis Sprooch gesinn, als dat wat se ass. E Stéck vun eiser Kultur an eiser Identitéit, un deem mir eis kënnen upaken, grad och an Zäiten, wou Kulturen an Identitéite riskéieren ze verwëschen.

Iwwert déi vergaange Joerzéngten huet virun allem eis ëffentlech Schoul duerch hir enorm Integratiounsleeschtung dozou bäigedroen, datt Lëtzebuergesch haut méi geschwat gëtt ewéi jee virdrun an der Geschicht vun eisem Land. Mir schreiwen et ewell all Dag. Ob per Sms oder E-Mail, op den Internetforen oder gedréckt a Form vu gudder a villfälteger Literatur. Mir halen eis Sprooch héich a gi se weider. Vu Generatioun zu Generatioun. Mir gi se och weider un déi Kanner, Jugendlech an Erwuessener, déi nei bei eis an d’Land kommen.

Nee, eis Sprooch geet net ënner! Si ass esou attraktiv ewéi nach ni, geneesou wéi eist Land an eis Kultur. De Géigendeel ze behaapte wier falsch, a géing nëmme mat den Ängschte vun de Leit spillen.

Geneesou falsch wier et awer och, d’Virschléi an d’Suerge vun de Leit net eescht ze huelen, déi an dem Debat ronderëm eis Sprooch säit Jore geäussert ginn. Leider gëtt et dacks esou gesinn, datt een eis Sprooch an eis Kultur net fërdere kann, ouni sech dobäi mussen dem Virworf vun der Ofgrenzung an dem Nationalismus auszesetzen. E selbstbewossten Ëmgang mat eiser Sprooch, als Deel vun eiser Bildungs- a Kulturpolitik, ass net esou selbstverständlech wéi ee kéint mengen.

Am Ministère schaffe mer dorunner, d’Offere fir Lëtzebuergesch-Coursë virun allem an de Gemengen auszebauen. Am Secondaire soll all Schüler vun der nächster Rentrée un d’Méiglechkeet kréien, fir en Optiounscours am Lëtzebuergesche kënnen ze wielen. Eng ganz Rei vun neien Outilë fir d’Léiere vum Lëtzebuergeschen an der Schoul sinn an der Ausaarbechtung. A fir d’Schreiwe vum Lëtzebuergeschen an der Bevëlkerung ze promouvéieren ass fir 2018 eng breet ugeluechten Ëffentlechkeetscampagne geplangt.

Doriwwer eraus musse mir eis awer och mat de Beweeggrënn auserneesetzen, déi vill Lëtzebuerger a wuel och Net-Lëtzebuerger derzou motivéiert hunn, fir spontan eng Petitioun ze ënnerstëtzen, fir Lëtzebuergesch als „éischt Amtssprooch“ anzesetzen.

Dobäi fält op, datt et sech heibäi net nëmmen ëm eng Petitioun fir d’Lëtzebuergescht, mee och ëm eng Petitioun géint d’Franséischt handelt. Wann ech an den éischte Reaktiounen honnert gutt Grënn héieren hunn, firwat „Lëtzebuergesch als éischt Amtssprooch“ net méiglech ass, dann hunn ech och honnert Fäll zu Ouere krut, wou ee sech zu Lëtzebuerg an der franséischer Sprooch awer net esou richteg „doheem“ gespuert huet.

Déi richteg Wierder fannen, den Toun treffe wann et dorobber ukënnt, dat ass wichteg a ville Liewenssituatiounen. Gutt franséisch Kompetenzen decidéieren zu Lëtzebuerg dofir net nëmmen doriwwer, ob een a Schoul a Beruff gutt virukënnt. Mee och, ob een sech viru Geriicht richteg a gutt ausgedréckt kritt, oder ob een dem Dokter seng Situatioun richteg zu engem Gesamtbild zesummegesat kritt. Dës Alldagsproblemer loosse sech léisen, mee fir d’éischt mol sinn et Problemer.

Zu engem selbstbewossten Ëmgang mat eiser Sprooch an eiser Kultur gehéiert och, datt mir dës Problemer unerkennen, an net esou maachen, wéi wann et se net géing ginn. D’Liewen an enger méisproocheger Gesellschaft ass eng Erausfuerderung, déi vill Bierger am Alldag viru Sproocheproblemer stellt. Deen ee mol méi, deen anere manner. Mee och hei gëllt et, Verständnes fir seng Matbierger ze weisen, ouni hinnen awer en X fir en U virzemaachen.

Eis Problemer mam Franséische wäerte mir net léisen, andeem mir d’Lëtzebuergescht als éischt Amtssprooch imposéieren. Doduerjer wäerten eis Kanner a Jugendlech net besser Chancen herno am Beruff an am Studium hunn. Doduerjer wäert d’Zesummeliewen zu Lëtzebuerg net méi einfach ginn, fir keen!

E selbstbewossten Ëmgang mat eiser Sprooch bedeit, datt mir dofir aner Sproochen net ze degradéiere brauchen. Mir brauchen eis net ze verstoppe mat eiser Lëtzebuerger Geschicht a Kultur. Geneesou wéineg sollte mir eis awer de Kulturen a Sprooche vun eisen Nopeschlänner verschléissen. Well domadder schléisse mir eis just selwer aus.

Nieft der Fro, wat mir fir d’Lëtzebuerger Sprooch musse man, fir datt se hir Plaz an der Gesellschaft als lieweg a geliefte Sprooch behält, musse mir, a grad och eis Schoulen, eis Gedanke man, wéi et dozou komme konnt, datt déi franséisch Sprooch, déi nun awer och zu eisem Land gehéiert, ze vill oft als eng Barrière empfonnt gëtt. Als eppes wat stéiert oder ville vun eis friem bleift. Un ze wéineg Franséischunterrecht kann et wuel net leien, weder an der Grondschoul, nach am Lycée.

Dobäi gëtt et säit Joerzéngten eng Konstant an eisem Lëtzebuerger Schoulsystem. Kanner mat Migratiounshannergrond scheiteren un den Ufuerderungen am Däitschen an der Grondschoul, a lëtzebuergesch Kanner bleiwen dacks un de Franséisch-Ufuerderungen am Lycée hänken. Mir kënnen a mussen dofir villes besser maachen.

Mir musse sécherstellen, datt kleng Kanner mat Migratiounshannergrond déi zu Lëtzebuerg opwuesse fréi mat der Lëtzebuerger Sprooch a Kontakt kommen. Etudë vun der Uni Lëtzebuerg weisen, datt d’Spillschoul do schonn ze spéit kënnt. Haut gi vill Kanner mat Migratiounshannergrond awer a private Crèchë versuergt, wou nëmme Franséisch mat hinne geschwat gëtt. Mam Resultat, datt si bei hirer Aschoulung e Retard hunn, deen si net méi wäerten ophuelen. Mat der gratis Sproochenoffer déi vu September 2017 un ugebuede wäert ginn, wäerte Kanner mat Migratiounshannergrond méi systematesch wéi haut am Lëtzebuergesche gefërdert ginn. Gläichzäiteg sollen d‘Kanner awer och op eng spilleresch Aart a Weis scho fréi mam Franséischen a Kontakt kommen. Gefërdert gëtt och déi allgemeng sproochlech Entwécklung beim klenge Kand.

Déi dacks spontan geäussert Bedenken, de fréie Kontakt mat verschiddene Sprooche kéint de Kanner schueden, gëtt duerch d’Wëssenschaft zanter Joerzéngte kloer widderluecht, grad ewéi duerch déi alldeeglech Erfarung a méisproochege Familljen a Crèchen zu Lëtzebuerg a soss op der Welt.

Wiem déi franséisch Sprooch um Häerz läit, muss hëllefen, ëmzedenken. Deene Jonken en aneren Zougang zum Franséischen erméiglechen an esou nees méi eng breet Akzeptanz fir déi franséisch Sprooch, awer och fir eis Lëtzebuerger Méisproochegkeet ze schafen. Wéi gëtt d‘Franséischt haut vu ville Jonke gesinn? Fir deen een ass et de Grond fir e schouleschen Echec, fir deen aneren eng deeglech Plo. Déi wéinegst gesinn doranner nach de Schlëssel zu engem Kulturraum, deen un Traditioun an Attraktivitéit sengesgläiche sicht.

De Grond dofir läit an der Aart a Weis wéi mir d’Franséischt léieren. Eis éischt Suerg um Enn vun der Grondschoul dierf net sinn, datt de Schüler de Subjonctif op de Fangerspëtze beherrscht. Eis éischt Suerg muss sinn, dat hie Loscht a Freed dorunner huet, d’Franséischt a sengem Ëmfeld als eng lieweg Sprooch ze benotzen. Wa mer dat bis erreecht hunn, wäert och de Subjonctif kee Problem méi sinn.

Och hei sollte mer selbstbewosst mam Franséischen ëmgoen, an ee fir allemol Schluss maache mat der negativer Feelerkultur, déi mir allze dacks mat dëser Sprooch verbannen. Mir sollten eis net fir e Feeler schummen, dee mir maachen. Mee houfreg dorobber sinn, datt mir wéi kaum en anert Land op der Welt de Spagat vun der Méisproochegkeet hikréien.

Wann eis Kanner d’Méisproochegkeet vu klengem un als eppes Natierleches erliewen, eppes dat zu eisem Land an zu hirem direkten Ëmfeld passt, da wäerte se vu klengem uns och vill Freed un deene verschiddene Sproochen hunn. Well Kanner wëlle verstoen a verstane ginn. Si eegne sech dofir ganz séier déi Sproochen un, déi se an hirem Ëmfeld héieren, an déi se brauchen, fir sech do erëmzefannen. Lëtzebuerg huet grad mat enger multilingualer Fréifërderung eng eemoleg Chance, esouwuel an eis Lëtzebuerger Sprooch, ewéi och an eis Méisproochegkeet ze investéieren. Eng Chance, déi mir selbstbewosst notze sollten.

Claude MEISCH
Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

 


Claude Meisch