Vous êtes ici

Lëtzebuerg besser plangen

Actualités Protection du climat et politique énergétique Gusty Graas

De Gusty Graas ass a senger Interventioun op dräi Volete vun der Nohaltegkeet agaangen: Mobilitéit, Waasserschutz a Landwirtschaft.

„Kee Beruffsstand steet de Moment esou ënner Drock wéi d’Baueren.“

An deem Kontext huet den DP-Députéierten et ausdrécklech begréisst, datt dat neit Agrargesetz, dat an zwou Wochen an der Chamber soll gestëmmt ginn, a punkto nohalteg Landwirtschaft kloer Akzenter wäert setzen. Och ass de Gusty Graas op d’Problematik vum Glyphosat agaangen a betount, dass am Ëmgang mat Pestiziden Virsiicht gebueden ass.

„Zanter 2013 ass et zu engem Ëmdenken an enger neier Dynamik an der Waasserschutzpolitik komm.“

Trotz villen Efforte bleift dem Gusty Graas no muenches ze dinn a eng Verbesserung vun eiser Waasserqualitéit wäert och hire Präis hunn, virun allem, well ganz vill Kläranlagen hei am Land net um leschte Stand vun der Technik sinn.

„Nohaltegkeet heescht net, keng nei Stroosse méi bauen.“

Allerdéngs misst beim Bau vun neie Stroossen an Zukunft konsequent un de Schutz géint de Kaméidi geduecht ginn, dëst am Sënn vun der Liewensqualitéit vun deene betraffene Bierger.

„Et muss een éierlech sinn an der Realitéit an d’Ae kucken. Mir wäerten och weiderhi wuessen an duerfir musse mir och weiderhin an den ëffentlechen Transport investéieren. Dës Regierung huet dee richtege Wee ageschloen“, sou dem Gusty Grass seng Konklusioun.

Weider Informatiounen

Ried vum Gusty Graas [méi...]

Gusty Graas