Vous êtes ici

Klierfer Lycée: Méi Attraktiviéit fir de Norden

Actualités Education Edy Mertens André Bauler

D’Gesetz iwwert de déi schoulesch Offer fir de zukünftege Klierfer Lycée « Edward Steichen » ass dës Woch eestëmmeg an der Chamber ugeholl ginn.

Wann d’Gesetz vun 2013 d’Offre scolaire nämlech just op déi ënnescht Cyclë limitéiert huet, esou gesäit dëst Gesetz vir, d’Schouloffer och op déi iewescht Cyclen ze erweideren.

Domadder gewënnt de Klierfer Lycée zousätzlech un Attraktivitéit. De Nord-Deputéierten Edy Mertens war Rapporteur vum Gesetz an ass op d’Virdeeler vun dësen Ännerungen agaangen: „De Lycée schaaft zousätzlech Aarbechtsplazen am Norden, de Kanton gëtt méi attraktiv, d’Schouloffer gëtt dezentraliséiert a virun allem ginn déi alldeeglech Weeër vun de Schüler méi kuerz, déi soumat méi Zäit kréie fir anere Beschäftegungen ausserhalb vun der Schoul nozegoen.

 

view video on chd.lu


Ried vum Rapporter Edy Mertens

 

D’Unzuel un Inscriptioune soll mat dëser Erweiderung och erop goen. D’Méiglechkeet seng ganz Lycéescarrière an engem Gebai ze maachen, ass nämlech an den Ae vu ville Schüler an och Elteren ee vun den Haaptkritären, fir sech, vir oder géint, ee Lycée z’entscheeden.

Een weideren Virdeel ass, datt de Lycée Edward Steichen an Zukunft ka Formatiounen ubidden, déi éischtens breet opgestallt sinn, an zweetens de Besoine vun der Regioun ugepasst sinn. D’Bau-Branche ass am Norde vum Land zum Beispill mat ronn 800 Aarbechtsplaze staark etabléiert.

Och am Secondaire classique wäerten sech duerch déi zukünfteg Flexibilitéit vun der Sectiouen zousätzlech Méiglechkeete schaffen, fir gezillt Talenter vun de Schüler ze fërderen an der Offer an Demande vum Aarbechtsmaart unzepassen.

Och eng Struktur fir Kanner mat Verhalensopfällegkeete soll un de Lycée Edward Steichen attachéiert ginn. Dës Struktur soll sech ëm Kanner tëscht 11 a 15 Joer këmmeren, déi grave Verhalenopfällegkeeten opweisen an déi doduerch riskéieren am Ausland musse betreit ze ginn. Duerch spezifesch qualifizéiert Personal, ee méi geregelten Dagesoflaf an duerch eng Betreiung an klenge Gruppen , soll de Kanner gehollef ginn hir Stressfaktoren ofzebauen, fir dono erëm lues a lues an de reguläre Schoulbetrib integréiert ze ginn.

Den André Bauler, huet als Nord-Deputéierten a senger Ried nach gemengt datt : „mat mir dësem Projet déi definitiv schoulesch Offer vum Klierfer Lycée a Beton géissen. Ech denken ëmmer nach u mäi verstuerwenen Direkter, de Fernand Schmitz vum Wëlzer Lycée, deen sech Enn den 80er Jore bal huet missen d’Bee stompeg lafe fir zu Wolz Premières-Klassen autoriséiert ze kréien. Réicht 23 Joer no senger Grënnung huet de Lycée du Nord eng éischt Ire B/C kritt. An deene Jore virdrunner hunn déi Éisleker jonk Leit dëse Lycée ëmmer nees fréizäiteg misse verloossen, well sou Klassen eben net autoriséiert konnte ginn. Sou eng Situatioun dréit net derzou, datt eng Schoul sech entwéckele kann an attraktiv gëtt. Dat soll Klierf mat dësem Gesetz erspuert bleiwen.

 

view video on chd.lu


Ried vum André Bauler

 


Edy Mertens

André Bauler