Vous êtes ici

Aussepolitik: Nationalistesch Initiativen enden an der Sakgaass

Actualités Politique étrangère et de sécurité Gusty Graas

Europa war nach nie esou zerrappt wéi haut dat war den Tenor vun der aussepolitescher Debatt dës Woch an der Chamber. De Gusty Graas, dee Spriecher vun der DP war, huet ënnerstrach dat d’Erausfuerderunge vun der Flüchtlingskris un d’Substanz vun der EU ginn.

D’Grenzen zou ze maache wier sécherlech net déi richteg Äntwert op d’Flüchtllingskris. Déi betraffe Leit, déi aus Krichsgebitter flüchte fir an Europa eng besser Zukunft ze fannen, wäerten sech och weider op de Wee maachen, iwwert aner Grenzen erakommen an derbäi hiert d’Liewen op d’Spill setzen. Alleng am Januar a Februar sinn 131.000 Mënschen iwwert d’Mëttelmier an Europa komm.  Dovunner ofgesinn dat et un der katastrofaler humanitäre Lag un de Baussegrenzen näischt géif änneren, hätt d’EU immens vill ze verléieren. D’Aféiere vu Grenzen hätt als eenzeg Konsequenz dat de Schengenraum un d’Wackele géif kommen. Experte schwätze vun engem Verloscht vun 1400 Milliarden € fir d’EU. Fir Lëtzebuerg wier d’Aféiere vun de Grenze mat immens schroe finanzielle Konsequenze verbonnen : eisen Exportiwerschoss géif em 1,4 Milliarde € zeréckgoe well 80% vun eisen Déngschtleeschtungen a Wueren an d’Ausland verkaf ginn.

D’Diskussioune vun de läschte Méint huet näischt méi mam Solidaritéitsgeescht ze dinn deen den Ursprong vun der EU ass.“ huet de Süd-Deputéierte bedauert. An net nëmmen am Kontext vun der Flüchtlingskrise drängen national Interesse an de Virdergrond. Besonnesch déi Memberlänner aus dem Osten trieden an der Läscht mat engem antieuropësche Behuelen op sou dat ee vun engem Gruef zwëschent dem Westen an dem Oste ka schwätzen. „Esou een Europa wëlle mir net! Esou een Europa ënnerstëtzt d’DP net!

Datt Lëtzebuerg an der internationaler Politik ee wichtegen Acteur ass, huet eist Land net zulescht während der Presidence vun der EU bewisen hunn. An dem Kontext ass de Gusty Graas och op déi lëtzebuergesch Engagementer an der Entwécklungspolitik agaangen, fir déi mir eis och um europäeschen Niveau ëmmer nees staark maachen. Et ass wichteg dat un dëser Politik festgehale gëtt fir deene Leit déi am néidegsten op eis Hëllef ugewise sinn, Perspektivesur place ze schafen.

Weider Informatiounen

Ried vum Gusty Graas [méi...]

Gusty Graas