Vous êtes ici

Wéi kënnen d'Waardezäite bei der Zuchbarriär reduzéiert ginn?

Questions parlementaires Mobilité et trafic Max Hahn

Op ville Plazen am Land, z.B. zu Dippech, ass d'Barriär zimmlech laang zou, wann en Zuch kënnt. Sou entsti grouss Stauen, am schlëmmste Fall verléiere souguer Rettungsdéngschter wäertvoll Zäit, fir op hiren Asaz ze kommen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob et keng technesch Méiglechkeete gëtt, fir d'Barriäre méi präzis ze schalten an d'Zäit, wärend där d'Barriäre rof sinn, ze reduzéieren.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch an un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

„Bei villen Zuchiwwergäng sinn d’Barriäre sou agestallt, dass se relativ laang virun an nom Passage vum Zuch erof sinn, wat zu laange Waardezäite fir d’Automobiliste féiert.

Nieft der Tatsaach, dass dës laang Waardezäiten zu Staue kënne féieren, mat all den negative Repercussiounen op d’Leit, déi an der Géigend wunnen, d’Ëmwelt an d’Chauffere selwer, kann et och virkommen, dass Rettungsdéngschter am Asaz wäertvoll Zäit virun zoue Barriäre verléieren.

Wuelwëssend datt d'Sécherheet  ëmmer muss iewescht Prioritéit muss sinn, wollt ech der Madamm Inneministesch an dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Wéi eng modern technesch Méiglechkeete ginn et, déi d’Op- an Zoumaache vun de Barriäre méi flexibel a méi präzis mat der Positioun a Vitess vum Zuch verbannen, fir d’Waardezäite virun de Barriäre sou wäit wéi méiglech ze reduzéieren?
  • Fir de Fall, wou et sou Technologië gëtt, ass den Här Minister gewëllt, dës Technologien och anzesetzen? Op wéi enge Plaze kéinten dës Technologië prioritär installéiert ginn? Bis wéini kéinten dës Systemer installéiert ginn?
  • Ginn d‘Rettungsdéngschter am Asaz vun der CFL informéiert, wéi eng Barriäre wéini zou sinn, fir dass d’Rettungsdéngschter dee séierste Wee op hiren Asaz kënnen huelen?
  • Wann net, sinn d‘Ministeren der Meenung, et wier sënnvoll, esou en Informatiounsaustausch en temps réel mat Hëllef vun den neien Technologien op d’Been ze stellen, fir dass d‘Rettungsdéngschter méi séier op der Plaz kënne sinn?“

Mat déiwem Respekt,

 

Max HAHN

Deputéierten


Max Hahn

Fichier attachéTaille
Icône PDF 20200206_mhahn_passages_niveau_question.pdf140.45 Ko