Vous êtes ici

Wéi gesäit et mat der Reform vum Adapto aus?

Questions parlementaires Mobilité et trafic Max Hahn Carole Hartmann

Quitt dass et roueg ëm d'Reform vum Adapto ginn ass, ass den DP-Deputéierte Max Hahn a Carole Hartmann zu Ouere komm, dass um Terrain villes nach net klappt. Aus deem Grond hu si beim zoustännege Minister nogefrot, wéi et bei der Ëmsetzung vun der Adapto-Reform ausgesäit a wou eventuell nach nogebessert muss ginn.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

« Am Kader vun der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport mussen d’Clientë vum Adapto och näischt méi fir dëse Service bezuelen. Allerdéngs ass gläichzäiteg de komplette System vum Adapto reforméiert ginn, engersäits fir dëse méi effikass ze gestalten an anerersäits fir Abusen ze reduzéieren.

Et ass eis awer zu Ouere komm, dass et um Terrain nach vill Problemer gëtt, souwuel um Niveau vun der interner Organisatioun, wéi och am Kontakt mam Client.

Sou géif anscheinend den informatesche System, deen d’Faarte koordinéiert a verdeelt, net gutt funktionéieren, an och d’Kommunikatioun tëscht der Zentral an de Chauffere géif net gutt klappen. Dacks géifen och Chauffere vu wäit ewech geschéckt ginn, fir e Client ze féieren, an duerno nees genee sou wäit zréck ze fueren.

Eng weider Konsequenz vun der Reform wier, dass anescht wéi virdrun, de Chauffer de Client an deem seng Besoinen dacks net kennt, wat awer besonnesch bei Leit mat enger Behënnerung wichteg ass.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

- Wéi vill Demande fir eng nei Adaptoskaart sinn zënter dem 1. Mäerz erakomm?

- Gouf entretemps, wéi an der Chamberskommissioun vum 5. Mäerz ugekënnegt, eng Kommissioun geschaf, wou d’Leit Recours aleeë kënnen, wann hir Demande refuséiert gëtt? Wa jo, wéi vill där Recourse goufe bis elo ageluecht?

- A wéi ville Fäll gouf eng definitiv Kaart accordéiert?

- Ass den Här Minister au courant vun de Suergen a Problemer um Terrain?

- Gouf schonn e Bilan vun der Reform gemaachen, bei deem déi betraffe Leit, notamment d‘Clienten an d‘Busentreprisen, och gefrot gi sinn? Wa jo, wat war d’Resultat dovunner?

- Wann net, ass dat geplangt? Fir wéini wier dat?

- Ass schonn eng Analyse gemaach ginn, ob den aktuelle System méi ressourceneffizient ass wéi deen alen, virun allem wat de Käschtepunkt betrëfft?

- Gëtt reegelméisseg eng Analyse vun der Performanz an Effizienz vum informatesche System gemaach, fir dësen, wann néideg, ze updaten?

- Schafft de System aktuell ekologesch sënnvoll, sou dass onnëtz wäit Trajeten evitéiert ginn? Ass virgesinn de System an där Hisiicht an Zukunft nach ze verfeineren?

- Wéi vill Mataarbechter schaffen aktuell an der Telefonszentral? Wéi vill nei Mataarbechter goufen zënter dem 1. Mäerz 2020 nei agestallt? Ass geplangt, zousätzlech Mataarbechter ze rekrutéieren?

- Mussen déi nei Mataarbechter eng Formatioun maachen, ieren si hir Aarbecht an der Zentral ufänke kënnen?

- Ass virgesinn, eng separat Telefonsverbindung nëmme fir d’Buschauffer ze schafen, fir d’Kommunikatioun mat der Zentral ze verbesseren?

- Huet den Här Minister Statistiken iwwer d’Verspéidungen vun de Faarten? Hunn d’Verspéidungen mam neie System zougeholl?

- Wéi vill Demande si beim Ministère rakomm fir eng Taxisfaart ze rembourséieren, well eppes beim Adapto net geklappt huet an déi concernéiert Persoun en Taxi huet missen huelen?

- Wier den Här Minister bereet, et de Clienten an Zukunft z’erméiglechen ënner gewësse Bedéngungen de selwechte Chauffer ze halen? »

 

Mat déiwem Respekt,

                      

                  Max HAHN                    Carole HARTMANN

                  Deputéierten                             Deputéiert

 

Äntwert:

Déi honorabel Deputéierten referéieren sech op d’Aféieren vum gratis ëffentlechen Transport inklusiv den Spezialtransport Adapto, souwéi di parallel dozou duerchgefouert Reform vum Adapto, fir zur neier Organisatioun an dem Gestiounsssystem e puer détailléiert Froen ze stellen.

Dass de Chauffer de Client an deem séng Besoinen dacks net géif kennen, kann ech net bestätegen, ganz am Géigendeel. Virun der Reform hat weder mäin Departement nach de Chauffer Informatiounen iwwer den Handicap vu ville Clienten. Wuel goufen et fréier duerchaus Chaufferen, déi hir regelméisseg Clientèle mat der Zäit kennegeléiert hunn, mee dat hat sech eréischt am Laf vun de Faarten esou erginn. Säit der Reform ass awer d‘Datebas vun de Persounen déi den Adapto dierfe benotzen vill besser ginn, an d’Informatiounen iwwer d’Besoinen vun de Clienten sinn vill méi komplett, wat doduerch kënnt dass d’Clienten eng nei Demande gemach hunn wou hiren Handicap an hir Besoinen drop stinn. Dobei kënnt dass ebe grad den neien informatesche System et dem Chauffer erlaabt, op sénger Tablette di néideg Informatiounen iwwer de Client affichéiert ze kréien.

  1. Op Basis op neie Formular, dee säit dem 27. Januar 2020 disponibel war, sinn 5.585 Demanden erakomm fir eng nei Adaptoskaart (Stand 19.08.2020).
  2. Sou wéi et an der Chamberkommissioun de 5.3.2020 ugekënnegt gouf (cf. https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/Actualite/ALaUne/?current=true&urile=wcm%3Apath%3Aactualite.public.chd.lu/ST-www.chd.lu/sa-actualites/89ecc2f7-ca87-48fc-808a-5ba9956fb077, soll eng Commission per Amendement am Kader vum Projet de loi n° 7490 verankert ginn. Domat kéinten déi Leit, déi keng Kaart accordéiert kruten, d’Méiglechkeet kréien e Recours géint dës Entscheedung ze maachen. De Moment kann selbstverständlech all Persoun, déi en „Refus“ krut, och haut schon un de Minister schreiwen fir dogéint virzegoen, an an esou engem Fall gëtt den Dossier natirlech nachemol iwwerpréift.
  3. Ob Basis vum neien Formular sinn 4.473 Accorden fir Kaarten eraus gaangen. Als zousätzlech Information kann ech soen dass 5.027 eng Adaptoskaart hunn (Stand 19.08.2020), vu dass fréier Clienten hir Kaart konnten provisoresch an ouni neien Certificat erneiert kréien duerch di versprache „Phase transitoire“.
  4. Ech wees elo net genee wat di honorabel Deputéierten elo prézis mengen mat „Suergen a Problemer um Terrain“. Ech si mer bewosst dass all neien Projet, inklusiv en neien Demanden - an Reservéierungssystem, e gewëssent een Emgewinnen, Zäit an Erfarung vun allen Bedeelegten fuerdert ier alles Probleemlos leeft. Den informateschen Gestionssystem fonktionnéiert entretemps ganz gutt. Am Ufank koum et um Terrain, wéi an der Introduktioun vun den honorablen Deputéierten beschriwwen ass, tatsächlech gelegentlech zu Faarten wou de Chauffer e laangen Ufaartswee hat; do gouf d’Ursaach awer festgestallt a verschidde Parameter ugepasst. Dëst gouf an Zesummenaarbecht gemaach mat de Busbetriber, an dem Fournisseur vum System, mat deenen e regelméissegen Echange stattfont huet.
  5. Een Bilan am Sënn dass d’Clienten gefrot gi sinn gouf net gemach. Et goufen awer Echangen an divers Réunionen mat de Busentreprisen säit der Reform. Leider ass d’Reform déi offiziell den 2. Mäerz a Kraaft getrueden ass, de 16. Mäerz komplett beaflosst ginn duerch de Confinement am Kader vum Codiv-19, dee jo quasi all d‘Gewunnechten vun der gesamter Bevëlkerung op d’Kopp geheit huet. Generell kann ech awer d‘Schlussfolgerung zeien dass d‘Majoritéit vun de Clienten den neien System éischter positiv ëmpfënnt. Besonnesch di Persounen matt engem schwéieren Hanidcap villen sech verstäerkt doranner, dass den Service wirklech fir si geduecht ass, an net vir di eeler Persounen déi fréier duerch de Raster gefall sinn a gefouert goufen obwuel se och gutt kéinten op den ëffentlechen Transport zréckgräifen.
  6. Wat den Echange mat den Acteuren ugeet, stinn ech a méng Servicer selbstverständlech zur Dispositioun. Wéi beschriwwen, goufen et mat de Busbetriber, trotz de schwierege Méint, verschidden Echangen, dëst besonnesch fir hiren Feedback ze kréien an d’Erfahrungen auszetauschen. Och waren verschidde Betriber deelweis net zefridden, wäll se manner Faarten ze fueren haten; dëst läit awer an éischter Linn un de Suiten vum Lockdown. Di Echangen haten awer och schon dat noweisbart Resultat dass d’Applicatioun fir den Adapto ze reservéieren schon ugepasst gouf (z.B. mi prézis un d’Bedürfnisser vu Rollstullfuerer, d’Accessibilitéit vun der App, …). E regelrechte Bilan mécht de Moment, nom Lockdown an elo der Summervakanz, nach net vill Sënn.
  7. Mam Développeur vun der App gouf eng Analyse op d‘Effikassitéit gemach, och wann dat duerch de Lockdown schwiereg ass fir dat mat der Situatioun vu virdrun ze vergläichen. Et konnt awer z.B. festgestall ginn, dass d‘Effikassitéit ëm 21% an d’Luucht gaangen ass an dass déi eidel gefueren Kilometer ëm 16% reduzéiert goufen. An enger éischter Phase sinn och ronn 8% vun den Faarten regroupéiert ginn. Weider Analysen wäerten nach gemaach ginn.
  8. Déi Analysen vun der Performanz vum Reservéierungssystem gi reegelméisseg duerchgefouert, wouduerch den System och zu all Moment kann esou optimeiert gi dass en nach méi effizient d’Leit regroupeieren an doduerch d’Kilometer reduzeieren kann. Ech ginn dovunner aus, dass duerch d’Regrupéieren d’Bussen méi sënnvoll kënne genotz ginn, wat de Clienten méi Méiglechkeeten bidd fir gefouert ze ginn.
  9. Ett gin Momentan +- 206 Tonnen Co2 pro Joer agespuert, an och daat soll matt der Zäit nach verbessert ginn.
  10. Am Callcenter schaffen 16 Persounen déi an 3 Schichten agedeelt sinn, de Callcenter fonctionnéiert tëschend 7:00-19:00 vu Méindes bis Samschtes a vun 9:00-16:30 Sonndes an um Feierdag. Et ass och geplangt zousätzlech Leit anzestellen oder d’Ëffnungszäiten unzepassen wann et néideg ass.
  11. All Mataarbechter kritt eng Formatioun vun 1 Dag nom System „train the trainer“.
  12. Eng separat Telefonsleitung fir d’Buschaufferen ass geplangt an wäert deem nächst en place gesaat ginn.
  13. Verspéidungen am neien System sinn net weider bekannt. Natierlech huet och deen neie System keen Afloss ob den normalen Beruffsverkéier oder Stau. De Client soll och d’Méiglechkeet kréien fir eng Meldung bei Verspéidungen ze kréien.
  14. Et sinn bis elo 2 Demanden era komm fir den Taxi rembourséiert ze kréien, woubei de Problem awer éischter op een Mëssverständnes zeréck ze feieren war an net op d’Versoen vum System.
  15. Momentan ass et net virgesinn dass eng Persoun ëmmer de selwechte Chauffeur kritt. Dëst géif d’Flexibilitéit an d’Disponibilitéit vun de Bussen aschränken. De System verplangt d’Ressourcen esou dass manner Kilometer a méi Leit zesummen transportéiert sollen gi esou dass den Service och méi ökologesch sënnvoll a käschteneffizient ass.

 


Max Hahn

Carole Hartmann