Vous êtes ici

Wéi eng Verbesserunge fir d'Buslinn 215 rëm méi attraktiv ze maachen?

Questions parlementaires Mobilité et trafic Max Hahn

Wéinst der ablécklech schwiereger Verkéierssituatioun an de Spëtzestonnen op der N5 – zemol zu Käerjeng an zu Dippech –  steet och d’Buslinn 215 dacks am Stau, wouduerch déi Linn natierlech manner interessant fir d’Leit gëtt. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst beim Mobilitéitsminister nogefrot, wat gemaach ka ginn, fir dës Linn rëm méi attraktiv ze maachen.

Question

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute weiderzeleeden:

 

„Wéinst der ablécklech schwiereger Verkéierssituatioun an de Spëtzestonnen op der N5 – zemol zu Käerjeng an zu Dippech –  steet och d’Buslinn 215 dacks am Stau, wouduerch déi Linn natierlech manner interessant fir d’Leit gëtt.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute folgend Froe stellen:

  • Huet den Här Minister Statistiken iwwert d‘Retarde vun dëser Buslinn, besonnesch moies an owes an de Stousszäiten?
  • Wéi vill Busser vun der Linn 215 falen am Duerchschnëtt d‘Woch aus?
  • Wéi vill sougenannte Verstäerkerfaarten (Zousatzbusser) (firwat net einfach: Wéi vill zousätzlech Busse) mussen dowéinst agesat ginn?
  • Wat wëll den Här Minister ënnerhuelen, fir de Bus méi interessant ze maachen, bis d’Ëmgéiunge/Contournementer vu Käerjeng a vun Dippech fäerdeg sinn?
  • Sinn zousätzlech Busspuren op der N5 vu Käerjeng bis an d’Stad méiglech?
  • Wier et denkbar, fir an de Spëtzestonne Busser anzesetzen, déi direkt géinge vun Dippech erfort an d’Stad fueren. Wa jo, vu wéini u wier dat méiglech?

Mat déiwem Respekt,

 

Max HAHN

Deputéierten


Max Hahn

Fichier attachéTaille
Icône PDF 20191111_mhahn_ligne_ bus_ 215_question.pdf151.76 Ko