Vous êtes ici

Visite vum neie President vum Europaparlament zu Lëtzebuerg

Actualités Politique étrangère et de sécurité Eugène Berger

Den Antonio Tajani wor e Mëttwoch zu Lëtzebuerg. Hien hat Entrevue mam Grand-Duc Henri a mam Premierminister Xavier Bettel an huet an der Chamber iwwer Europa geschwat. 

Wéi dat  üblech ass, hu Vertrieder vun de Parteien a vun de Politesche Sensibilitéiten du Froen un den Nofolger vum Martin Schulz gestallt. Den DP-Fraktiounschef Eugène Berger wollt wëssen, wéi et mat der Representativitéit vun de briteschen EU-Deputéierten nom Ofschloss vun de Brexit-Verhandlungen am Mäerz 2019 ausgeséich an och mat den Droits des citoyens. D.h. mat de Rechter vun den EU-Bierger, déi a Groussbritannie liewen an ëmgedréint mat de Rechter vun de Briten an der EU.

Den Antonio Tajani huet virop ënnerstrach, datt d’Auswierkunge vum Brexit méi schlëmm fir Groussbritannie géinge ginn, wéi fir d’Unioun an d’Verhandlungspositioun vun der britescher Regierung ënnert de rezenten Neiwahle gelidden hätt. D’Negociatioune géingen – och op juristeschem Niveau – ganz komplizéiert. Den Antonio Tajana erwaart sech, datt de Kader-Accord fir d’Trennung bis Enn 2018 steet an duerno misste weider Richtlinne fir déi zukünfteg Relatiounen ausgeschafft ginn. Schliisslech bléif Groussbritannien nach ëmmer en Deel vun Europa an d’Zesummenaarbecht z.B. an der Verdeedegung oder an der Lutte géint den Terrorismus géing viru lafen.

Déi 73 britesch Europadeputéiert bleiwen iwwerdeems vollwäerteg Parlamentarier bis déi nächst Europawahlen. Mat der Ausnam, datt se net dierfen an den Aarbechtsgruppen iwwert de Brexit matschaffen. De President vum Europaparlament huet weider ënnerstrach, datt déi britesch Premierministerin Theresa May d’Droits des citoyens confirméiert hätt. Esou wéi d’EU-Kommissioun an d’EU-Parlament.

view video on chd.lu


Eugène Berger