Vous êtes ici

Verschäerfen vum Antitubaksgesetz: Bessere Schutz fir Kanner a Jugendlecher

Actualités Santé et soins Gusty Graas

Den Donneschdeg huet d’Chamber net nëmmen eng europäesch Direktiv am Kader vum Antitubaksgesetz ëmgesat, mä ass och a verschiddene Punkten doriwwer eraus gaangen. Dobäi stoung besonnesch de Schutz vun de Kanner a Jugendleche virun de Gefore vum Fëmmen am Vierdergrond.

"Fir eng liberal Partei ass et sécherlech net evident fir Fräiheeten anzeschränken. De Schutz vun de Kanner an de Jugendleche priméiert fir eis awer kloer. Dofir stëmme mir dëst Gesetz", esou den DP-Deputéierte Gusty Graas a senger Interventioun zum Verschäerfe vum Antitubaksgesetz.

D’Gesetz bréngt ënner anerem mat sech, datt de Verkaf vun Zigaretten an och E-Zigaretten u Jugendlecher ënner 18 Joer wäert verbuede ginn. Do dernieft gouf och e Fëmm-Verbuet op Spillplazen an op Sportsplazen agefouert, wann Jugendlecher ënner 16 Joer Sport maachen. Och d’Fëmmen am Auto ass an Zukunft net méi erlaabt, wa Kanner ënner 12 Joer mat dobäi sinn.

 

view video on chd.lu


Ried vum Gusty Graas

 


Gusty Graas