Vous êtes ici

Staatsvisitt a Frankräich: Frëndschaft, Respekt a Realpolitik

Actualités Politique étrangère et de sécurité Corinne Cahen Xavier Bettel Marc Hansen Pierre Gramegna

Déi éischt Lëtzebuerger Staatsvisitt a Frankräich zanter 40 Joer war markéiert vun der traditioneller Frëndschaft tëschent den zwee Länner. Eng Frëndschaft, déi méi wéi eemol déi lescht Deeg vum Grand-Duc Henri a vum President Emmanuel Macron ënnerstrach ginn ass.

Lëtzebuerg ass zu Paräis mat allen Éieren a mat engem Protokoll empfaange ginn, deen de Respekt vun der Grande Nation vis-à-vis vum klenge Noper ënner Bewäis gestallt huet.

Politeschen Héichpunkt vun der Visitt war en inter-gouvernementale Seminaire ënnert der Presidence vum Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel a vu sengem franséische Kolleg Édouard Philippe. Déi zwee Regierungscheffen hu sech awer och fir en Tête-à-Tête gesinn, wou selbstverständlech och d’Atomzentral vu Kettenuewen ugeschwat ginn ass.

Wa Paräis sech decidéiere sollt, fir d’Anlag zouzemaachen, dann ass Lëtzebuerg op alle Fall prett, fir op deem Site e Park fir erneierbar Energien opzeriichten, an zwar an Zesummenaarbecht mat Frankräich a mat Däitschland.

Da gouf et eng Decisioun, déi de Leit op béide Säite vun der Grenz wäert d’Liewe méi einfach maachen: Lëtzebuerg ënnerstëtzt Investissementer an d’Transportinfrastrukturen a Frankräich mat 120 Milliounen Euro.

De Finanzminister Pierre Gramegna iwwerdeems huet en Accord de non double imposition ausgehandelt an ënnerschriwwen.

D’Ministesch vun der Groussregioun Corinne Cahen huet fir hiren Deel de Projet vun enger Zone franche an der Lorraine virgestallt, wou Lëtzebuerger Entreprise kéinten an Zukunft d’Chance kréie, fir mat hire Betriber z’expandéieren. Béid Säite ware sech eens fir deemnächst konkret iwwer déi Propos weider ze diskutéieren.

Den delegéierten Héichschoulminister Marc Hansen schliisslech konnt eng gutt Nouvelle fir d’Medezinstudente vun der UNI.LU mat Heem huelen.

Den Accord vu bis elo, datt dat éischt Joer a Frankräich acceptéiert gëtt, gëllt vun 2022 un och fir déi Studenten, déi dann den neie Cycle vum Bachelor zu Lëtzebuerg ofgeschloss hunn. Si kënnen deen Ament ouni Problem dat 4. Joer Medezin a Frankräich entaméieren. Fir si sinn och 25 zousätzlech Plazen op den Unie vun der Lorraine, Stroossbuerg, Paris V a vu Paris VI reservéiert.

 


Xavier Bettel

Pierre Gramegna

Corinne Cahen

Marc Hansen