Vous êtes ici

Reorganisatioun vum Fonds du Logement

Actualités Aménagement du territoire et logement Claude Lamberty Max Hahn Marc Hansen

Den Donneschten huet d'Chamber de Gesetzestext iwwert d'Reorganisatioun vum Fonds du Logement gestëmmt. De Rapporteur Max Hahn huet dobäi erkläert, dass d'Regierung eng genee Analyse vum Fonctionnement vum Fonds an Optrag ginn hat. Dës Resultater sinn dunn an e kloren Gesetzestext mat agefloss. „Et ass eng Reorganisatioun am Sënn vun enger besserer Gouvernance, engem bessere Contrôle an enger verstäerkter Transparenz“ esou de DP-Süddeputéierten weider. Esou kann de Fonds sech an d'Zukunft och verstäerkt op d'Schafe vu Locatiounswunnengen konzentréieren.

 

 

Den DP-Deputéierte Claude Lamberty huet drop verwisen, dass et déi vill kleng Feinofstëmmungen un den richtege Stellschrauwen sinn, déi méi bezuelbare Wunnraum fir eis Bierger schafe wäerten. An dësem Sënn huet d'Regierung scho ganz vill Mesuren an Ugrëff geholl, d'Reform vum Fonds ass nëmmen eng vun dësen.

 

 

De Logementsminister Marc Hansen fir säin Deel huet ënnerstrach wéi wichteg et ass, dass de Fonds du Logement elo e geneeë Kader kritt, deen et him erméiglecht, senge Kärmissiounen am Interêt public besser nozekommen, och andeems d'Gemengen nach besser agebonne ginn.

 

view video on chd.lu


Ried vum Rapporter Max Hahn

 

view video on chd.lu


Ried vum Claude Lamberty

 

view video on chd.lu


Ried vum Wunnengsbauminister Marc Hansen

 


Max Hahn

Claude Lamberty

Marc Hansen