Vous êtes ici

Reform vum Bail commercial: bessere Schutz fir Locatairen

Actualités PME Économie Simone Beissel

D’Gesetz vum Bail commercial vun 1936 ass elo moderniséiert ginn, fir d’Locataire besser ze schützen an dem Proprietär awer och eng gewësse Flexibilitéit bei der Gestioun vu sengem Bien ze loossen. Déi nei Dispositioune wäerten d’Spekulatioune bremsen an de Commerçante Planungssécherheet garantéieren.

„Pas-de-Porte“ verbueden

Bei der Debatt an der Chamber huet d’DP-Spriecherin Simone Beissel kloer ënnerstrach, datt de Legislateur net wäert d’Präisser festleeën an et géing och keng Mietbrems agefouert ginn, wéi dat momentan an Däitschland diskutéiert gëtt. Et wäert een awer de Kader upassen, fir Praxissen ze änneren, déi dëslescht zu ville Faillite gefouert hunn an de Geschäftsleit d’Liewe schwéier gemaach hunn. Sou ass z.B. deen ominéisen „Pas-de-porte“, deen d’Präisser vun de Loyeren dacks an d’Onendlecht gedriwwen huet, elo offiziell verbueden.

Méi Planungssécherheet

Bei der Dauer vum Bail waren déi üblech 3-6-9-Joer bis elo d’Regel. „Bei all Echeance hat de Locataire Angscht, datt de Loyer kéint därmoossen an d’Luucht goen, datt hien en net méi bezuele kéint. Domadder ass elo Schluss“, sot d’Stater Schäffe gëschter an der Chamber, well an Zukunft och e Bail à durée indéterminée wäert méiglech sinn. Do dernieft garantéiert dat neit Gesetz, datt de Locataire op mannst 9 Joer a sengem Lokal ka bleiwen. Fréistens duerno kéint de Proprietär him eréischt kënnegen, mä da géif dem Locataire eng  „Indemnité d’eviction“ zoustoen.

Limitatioun vun der Garantie locative

D’Garantie locative ass fir vill Commercen eng riseg Hürde. Dës Sue kann ee besser fir aner Saache gebrauchen, wann ee säi Geschäft lancéiert“, esou d’Simone Beissel weider. Dofir begréisst d’Demokratesch Partei, datt d’Zomm vun der Garantie locative elo op 6 Méint Loyer limitéiert ass an de Preneur an Zukunft decidéiere kann a wat fir enger Form hien dës Garantie opbrénge wëll.

Virkafsrecht no 18 Joer

Et kann och emol virkommen, datt de Proprietär säi Lokal verkafe wëll. Fir d’Zukunft vun de betraffene Commerçanten net op d’Spill ze setzen, genéissen déi elo e Virkafsrecht fir d’Lokal, wa si méi wéi 18 Joer doranner gelount haten.

 


Simone Beissel