Vous êtes ici

Quel est l'état d'avancement du contournement de Hosingen?

Questions parlementaires Mobilité et trafic André Bauler

Actuellement un projet de loi concernant le contournement de Hosingen se trouve en cours d'élaboration dans le ministère de la Mobilité et des Travaux publics. Le député du DP André Bauler a voulu savoir du ministre compétent quel était l'état d'avancement de celui-ci.

Question

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

« Aktuell gëtt am Ministère un engem Gesetzesprojet fir de Contournement vun Housen geschafft.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen :

  • Kann den Här Minister soen, wou d’Aarbechten um Projet de loi dru sinn ? Wéini wäert en an der Chamber kënnen deposéiert ginn ?
  • Wéi eng weider Analysen oder Studie missten, ënner Ëmstänn, nach gemaach ginn, fir de Gesetzesprojet kënnen ze finaliséieren ?
  • Ass den definitiven Tracé scho festgeluecht ?
  • War schonn eng Versammlung mat de Proprietäre fir hinne verschidden Detailer z’erklären, virun allem wat den Agrëff an hiren Terrain ubelaangt an déi ekologesch an hydrologesch Konsequenze vun den Aarbechte betrëfft ?
  • Rezent goufen Hecke laanscht engem vun de méiglechen Tracéë wechgemaach. Kann den Här Minister informéieren, ob eventuell scho verschidde Virbereedunge fir de Chantier ugefaange gi sinn ?
  • Goufen d‘Propietären schonn iwwer déi archeologesch Fouillen informéiert ? »

Mat déiwem Respekt,

André BAULER
Deputéierten

Äntwert vum Här François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, op d’parlamentaresch Fro N°2990 vum 16. Oktober 2020 vum éierbare Deputéierten Här André Bauler iwwert den Contournement vun Housen

De Gesetzesprojet ass amgaange finaliséiert ze ginn. An deem Kontext si weider keng Analysen oder Studien néideg; den definitiven Tracé ass schonn am Avant-projet sommaire festgeluecht ginn.

Den 23. Juli 2018 gouf den Avant-projet an enger ëffentlecher Reunioun zesumme mat der Stroossebauverwaltung an der Gemeng Housen dem Public virgestallt. Säit 2019 ass de Comité d’acquisition vum Staat amgaangen déi néideg Terrainen ze kafen.

Am Kontext vun den archeologeschen Etüden, déi am Virfeld vun den Aarbechte musse gemaach ginn, sinn d’Propriétairen ewéi och d‘Pachte kontaktéiert ginn. Dës Aarbechte sinn am Moment amgaangen.

Bedéngt duerch d’Kampfhandlunge vum zweete Weltkrich an dëser Géigend ginn am Virfeld all d’Terrainen um Tracé op Reschter vum Krich ënnersicht. Esou sinn elo schonn e puer Mol Blindgänger entdeckt ginn, déi duerch kontrolléiert Sprenge vun der Ekipp vum SEDAL konnten entschäerft ginn.

D’Aarbechte vum Contournement ginn des Weideren esou geplangt, dass et fir d’Nopeschterraine keng ekologesch respektiv hydrologesch Konsequenze ginn.

Am Moment sinn ewéi virdru beschriwwen déi archeologesch Etüden amgaangen, woufir och verschidden Hecken hu missen eweschgemaach ginn. Déi néideg Ëmweltgeneemegungen dofir waren am Virfeld ugefrot ginn.

 


André Bauler