Vous êtes ici

Protektioun vu vulnerabele Leit an Ënnerstëtzung fir Familljen a Salariéen

Actualités Emploi État de crise Famille Politique sociétale Santé et soins Corinne Cahen

De Schutz vun de vulnerabele Persounen ass eng Prioritéit an Zäite vum COVID-19. Dowéinst goufe besonnesch an de Spideeler an an den Altersheemer Precautioune geholl fir déi Leit ze schützen. Niewent strengen Hygiènesvirschrëften ass et virun allem wichteg fir de perséinleche Kontakt op en absolutte Minimum ze beschränken. Visitte sinn dowéinst weder am Spidol, nach am Altersheem erlaabt.

Altersheemer

An den Altersheemer lafen d’Aktivitéiten esouwäit ewéi méiglech weider. Dat ass wichteg, fir datt d’Leit sech net isoléiert fillen. Esou ginn zum Beispill Videokonfernzen organiséiert fir de Kontakt mat der Famill ze halen. Natierlech gëllen och hei méi streng Secherheetsmesuren. D’Aktivitéite sinn a méi klenge Gruppen an d‘Distanze ginn agehalen.

Spideeler

An de Spideeler sinn Operatiounen oder Behandlungen, déi net onbedéngt néideg sinn, annuléiert ginn. Et gi méi Teleconsultatiounen, fir de Kontakt tëschent dem Dokter an dem Patient op ee Minimum ze reduzéieren.

Wärend der Kris kann de Congé vum Gesondheetspersonal annuléiert ginn. Et gouf och eng national Sanitärreserve geschaf, fir déi sech spezifesch Gesondheetsberuffer hu musse mellen, z.B. Studenten a Pensionéierter aus der Santé. Och Fräiwëlleger konnte sech aschreiwen, fir de System z’ënnerstëtzen.

Congé pour raisons familiales

D’Regierung huet och een neie Formulaire erausginn, fir Elteren, déi de Congé pour raisons familiales ufroe mussen. D’Eltere kënnen dëse Congé ënnert sech opdeelen, ma da mussen si allen zwee de Formulaire ausfëllen.

Et ass en extraordinäre Congé, dee limitéiert ass an elo mol bis de 4. Mee verlängert ginn ass. Dee Congé ass nëmme méiglech, wann d’Kand manner wéi 13 Joer huet an net anescht ka betreit ginn. D.h. och, datt ee Partner oder eng Persoun am selwechte Menage net dierf gläichzäiteg am Chômage partiel sinn.

Chômage partiel

Fir deene Betriber ënnert d‘Äerem ze gräifen, déi op Teletravail zeréckgräifen (mussen), ass et méiglech fir de Chômage partiel pour cas de force majeure mat enger acceleréierter Prozedur unzefroen. Domadder garantéiert de Staat eng direkt Hëllef fir Entreprisen an hir Salariéen, a Form vun enger finanzieller Entlaaschtung. De Fonds pour l’emploi bezilt am Chômage partiel 80% vum Basisloun, mat der zousätzlecher Garantie, datt keen Aarbechter ënnert de gesetzleche Mindestloun fält an net kann entlooss ginn.

Congé pour soutien familial

De Familljeministère huet am Kader vun der sanitärer Krise e Formulaire fir ee Congé pour soutien familial erausginn. Leit, déi sech elo ëm een aus der Famill musse bekëmmeren, kënnen dee Congé ufroen, wa si keng aner Betreiungsméiglechkeet fannen a wa si selwer net am Chômage partiel sinn.


➡️Weider Informatioune fannt dir op https://coronavirus.gouvernement.lu/lb.html